Den Zellkär ass déi gréissten Organell an enger eukaryotescher Zell (ongeféier 10 μm Duerchmiesser). En ass vun der souegenannter Kärenvelopp emginn, eng duebel Biomembran. En enthält d'Kärplasma mat der Chromatin. Déi roud Bluttkierpercher vu Mamendéieren an d'Bluttplättecher hu keen Zellkär.
Fir den Traffik tescht dem Kärplasma an dem Zytoplasma ze erméiglechen, befannen sech an der Kärenvelopp Poren déi Substanzen eran an eraus loossen.
Um Ufank vun der Zelldelung gett d'Nuklearlamina phosphoriléiert an d'Envelopp "zersetzt" sech, bleiwt awer ennert der Form vun Vesikelen erhalen. Um Enn vun der Zelldelung gett d'Lamina dephosphoriléiert an d'Envelopp setzt sech nees aus de Vesikelen zesummen.
Am Kär kann awer keng Protein synthetiséiert ginn, dës mussen all aus dem Zytoplasma importéiert ginn, z. B. d'Histonen, déi verschidde Polymerasen.
نواة (خلية) | Buněčné jádro | Cellekerne | Zellkern | Cell nucleus | Núcleo celular | Ĉelkerno | Noyau (biologie) | Frumukjarni | Nucleo cellulare | גרעין התא | Ląstelės branduolys | Nukleus | Celkern | 細胞核 | Jądro komórkowe | Núcleo celular | Bunkové jadro | Tuma | Cellkärna | 细胞核