D'Uelzecht ass ee vun de längste Lëtzebuerger Flëss.
Zënter Joerzéngten zerrappe sech d'Lokalchroniste vun Däitsch-Oth a vun Thil iwwer d'Quell vun der Uelzecht. De Fall ass net esou einfach, well et net ëm "eng" geet.
De Floss Uelzecht entstaamt dem Zesummefloss vun zwou Baachen. Déi eng entspréngt zu Däitsch-Oth, déisäit der Grenz, am franséischen Departement Moselle, leeft do ënner der rue de l'Alzette an Direktioun Esch-Uelzecht. Déi aner Baach, Vacherie genannt, kënnt vun Thil no bei Villerupt am franséischen Departement Meurthe-et-Moselle a leeft bei Réisseng um Terrain vun Däitsch-Oth an déi aner Baach. An deem Moment entsteet d'Uelzecht, déi eng 400 Meter weider duerch d'Kläranlag vun Däitsch-Oth leeft, fir gebotzt a Richtung Lëtzebuerg weiderzelafen.
Hannert Esch leeft se "durech d'Wisen", laangscht Schëffleng, Hënchereng, Fenneng, Beetebuerg, Léiweng, Bierchem, Béiweng, Réiser, Hesper, duerch d'Stad Lëtzebuerg, wou se sech tëscht de Sandsteefielsen e Wee gesicht huet.
Hannert der Stad leeft d'Uelzecht viru laangscht Bäreldeng, Walfer, Steesel, Bouferdeng, Hielem, Hënsdref, Luerenzweiler, Pretten, Lëntgen, Gousseldeng a Rollengen. Se fléisst duerch Miersch, an da laangscht d'Uertschaften Biereng, Miesdref, Pëtten, Kruuchten a Kolmer-Bierg, ier se, no 73 km, zu Ettelbréck an d'Sauer leeft.
This article is licensed under the GNU Free Documentation License.
It uses material from the
"Uelzecht".
Home Page • arts • business • computers • games • health • hospitals • home • kids & teens • news • physicians • recreation• reference • regional • science • shopping • society • sports • world