article Related Topics:
Thiamin
 

Vitamin B1 oder Thiamin ass e wäisse Vitamin, dee sech am Waasser opléist.

Geschicht


De Vitamin B1 gouf am Ufank vum 20. Joerhonnert entdeckt an dat bei Fuerschungen no den Ursaachen vun der Krankheet Beriberi. E gouf 1926 fir d´éischt isoléiert.

Eegeschaften


Vitamin B1 geheiert zur Grupp vun de B-Vitaminnen an ass e waasserléisleche Vitamin.

Virkommen


Vitamin B1 oder Thiamin kënnt am heefegsten a Käreprodukter, Schwéngefleesch, Liewer, Sojaprodukter a verschidden Fëschzorten vir. Leguminosen, Béier a Gromperen enthaalen och e puer Undeeler vum Vitamin B1.


-
Vitamin B1
-
Liewensmëttel Gehalt vum Vitamin
(mg/100 g)

-
Schwengefleesch 0,80 - 1,00
-
Häerz vum Rand 0,53
-
Int 0,30
-
weiss Bounen 0,51
-
Weess 2,00
-
Champignoen 0,10
-
gréng Iebesen 0,32
-
Spargel 0,11

Aufgaben a Bedarf


Thiamin spillt eng wichteg Roll am mënschleche Kierper, haaptsächlech am Kuelenhydrat-a Fettstoffwiessel. Als Coenzym hëlleft hien dem Kierper d´Energie aus der Nahrung erauszezeien. Ausserdem spillt en eng grouss Roll am Fonktionnement vum Nervesystem. En ass liewenswichteg a gëtt am ganze Kierper verdeelt: am Gewief, an der Muskulatur an an den Organer. Vitamin B1 reagéiert empfindlech op Hëtzt. Liewensmëttel mat Vitamin B1 sollen demno kill an deischter gelagert ginn fir d´Verfaalen vum Vitamin esou gereng wéi méiglech ze haalen.

De Kierper vum Mënsch huet ongeféier schon 30 mg Vitamin B1 a sëch. En ass awer op eng alldeeglech Zoufuer ugewisse vun 1,0 - 1,2 mg . Dës Quantitéit entsprëcht dem wat de mënschleche Kierper all Dag verbraucht.

Mangel

Schwéieren Vitamin B1 Mangel äussert sech duerch neurologesch Stéierungen,Muskelschwund an Häerzinsuffizienz. Dës Symptomer kann een ënnert dem Numm Beriberi zesummefaassen. An den Industrielänner daucht dës Krankheet allerdéngs net ze dacks op, ausser bei ganz schwéierer Fehlernierung an Alkoholofhängegkeet. Beriberi kënnt am meeschten an den Drëtt Welt Länner vir. E liichten Vitamin B1 Mangel weist dës Symptomer op: Bei engem méi laang undauerenden Vitamin B1 Mangel:

Iwwerdoséierung

Eng Iwwerdoséierung ass bal onméiglech well de Kierper iwwert d´Nieren dat erem ausscheedt wat en net brauch vu Vitamin B1.

Vitaminnen

Tiamin | Vitamin B1 | Tiamina | Thiamin | Tiamin | Thiamin | Thiamine | Vitamina B1 | Tiamino | ویتامین ب۱ | Vitamine B1 | ויטמין B1 | Vitamin B1 | Tiamina | チアミン | 비타민 B1 | Tiaminas | Thiamine | Witamina B1 | Vitamina B1 | Tiamină | Vitamina B1 | Витамин Б1 | Tiamiini | Tiamin | Tiyamin | 硫胺

 

This article is licensed under the GNU Free Documentation License. It uses material from the "Thiamin".

Home Pageartsbusinesscomputersgameshealthhospitalshomekids & teensnewsphysiciansrecreationreferenceregionalscienceshoppingsocietysportsworld