Ëm wat geet et am Film?
Den Holly Martins kënnt op Aluedung vu sengem Frënd Harry Lime an dat nom
Zweete Weltkrich besate Wien. Hei kritt hie gesot säi Frënd Harry wir duerch en Autosaccident ëm d'Liewe komm.
Zitater
- In Italy, for thirty years under the Borgias, they had warfare, terror, murder, bloodshed - they produced Michelangelo, Leonardo da Vinci and the Renaissance. In Switzerland, they had brotherly love, five hundred years of democracy and peace, and what did that produce? The cuckoo clock. (Harry Lime zum Holly Martins)
- fräi iwwersat: "Ënner de Borgiaen haten s'an Italien drësseg Joer laang Krich, Terror, Muerd an Doutschlag; dat huet d'Renaissance, de Michelangelo an de Leonardo vu Vinci mat sech bruecht. An der Schwäiz hate se Frëndschaft, fënnefhonnert Joer Demokratie a Fridden, a wat ass dobäi eraus komm? D'Guckucksauer." (Historesch stëmmt dat net; d'Guckucksauer kënnt aus dem "Schwarzwald" am Südweste vun Däitschland.)
Triviales
- Zum Schluss vum Film kucken net dem Orson Welles seng Hänn aus de Gulli mee dem Regisseur Carol Reed seng. Den Orson Welles hat d'Dréiaarbechten schonns verlooss, wéi déi Zeen gedréint ginn ass.
- De Carol Reed wollt d'Roll vum Holly Martens un den James Stewart ginn, den David O. Selznick huet awer de Joseph Cotten durchgesat.
Gielercher
Filmtitelen
Der dritte Mann | The Third Man | 第三の男 | The Third Man | Kolmas mies | Den tredje mannen