article

D'Strooss vu Gibraltar ass eng Mieresstrooss bei Gibraltar, déi den Atlanteschen Ozean an d'Mëttelmier matenee verbënd an domat den Europäesche Kontinent vum Afrikanesche Kontinent trennt.

Agefaasst gëtt se am Norde vun der britescher Krounkolonie Gibraltar a Spunien an am Süde vu Marokko an der spuenescher Exklav Ceuta. Souwuel Gibraltar wéi och Ceuta, déi an der Antik als "Saile vum Herakles" bezeechent gi sinn, si wichteg Hafestied. D'Strooss vu Gibraltar ass 14 bis 44 km breet an ongeféier 60 km laang. Si errecht eng Déift vun 286 m.

D'Strooss vu Gibraltar ass eng vun deene Mieresstroossen, dé am meeschte befuer ginn (ca. 300 Handelschëffer pro Dag fueren duerch). Un der Uewerfläch ass eng Stréimung no Osten, ervirgeruff duerch deen ongeféier 1,4 m méi nidderege Niveau vum Mëttelmier géintiwwer dem Atlantik. An der Déift gëtt et eng Géigestréimung mat deer dat méi salzegt Mëttelmierwaasser erëm an den Atlantik fléisst. Meeschtens bléist e Westwand deen an der Strooss zimmlech staark ka ginn. All dës Ëmstänn hunn dozou geféiert dat d'Strooss vu Gibraltar an der Antik als nët ze bezwénge a soumatt als d'Enn vun der Welt gegolt huet.

Bauprojeten


Zënter e puer Joer besti Pläng fir eng Bréck iwwert d'Strooss vu Gibraltar ze bauen an esou Afrika mat Europa ze verbannen. Dës Bréck soll déi längst vun der Welt ginn an eng komplett nei Konstruktioun opweisen. D'Pilieren musse mat spezielle Virriichtungen virun enger méiglecher Kollisioun mat Schëffer geschützt ginn.

Obgläich dat eng extrem technesch Erausfuederung ass wierkt de Projet dach bescheiden géintiwwer de Pläng vum däitschen Architekt Hermann Sörgel, deen tëscht 1928 an 1952 am Eescht dru geduecht huet eng gigantesch Staumauer an der Mierengt opzeriichten fir dann, no deelweisem Drëcheleeë vum Mëttelmier, Europa an Afrika zu engem duerchgängege Kontinent Atlantropa ze verbannen.

Mierengten

Weblinks


Straat van Gibraltar | مضيق جبل طارق | Selat Gibraltar | Гибралтарски проток | Estret de Gibraltar | Gibraltarský průliv | Straße von Gibraltar | Strait of Gibraltar | Estrecho de Gibraltar | Ĝibraltara Markolo | Gibraltari väin | Détroit de Gibraltar | Estreito de Xibraltar | מצר גיברלטר | Gíbraltarsund | Stretto di Gibilterra | ジブラルタル海峡 | გიბრალტარის სრუტე | 지브롤터 해협 | Gibraltaro sąsiauris | Gibraltári-szoros | Straat van Gibraltar | Gibraltarstredet | Gibraltarsundet | Cieśnina Gibraltarska | Estreito de Gibraltar | Гибралтарский пролив | Gibraltársky prieliv | Gibraltarinsalmi | Gibraltar sund | Eo biển Gibraltar | Ґібралтарська протока | Sitroet d' Djibraltar | 直布羅陀海峽

 

This article is licensed under the GNU Free Documentation License. It uses material from the "Strooss vu Gibraltar".

Home Pageartsbusinesscomputersgameshealthhospitalshomekids & teensnewsphysiciansrecreationreferenceregionalscienceshoppingsocietysportsworld