article

E Schaltjoer ass e Joer mat 366 amplaz vun 365 Deeg. An engem Schaltjoer huet de Februar 29 amplaz vun 28 Deeg.

Aktuell Reegel


Säit der Aféierung vum gregorianeschen Kalenner gëllt:

  1. Nëmmen Joeren, déi ouni Rescht duerch 4 deelbar sinn, si Schaltjoeren.
  2. Ausnam: Joeren, déi ouni Rescht duerch 100 deelbar sinn, si keng Schaltjoeren.
  3. Ausnam zur Ausnam: Joeren, déi ouni Rescht duerch 400 deelbar sinn, si Schaltjoeren.

Sou war d'Joer 2000 e Schaltjoer wéinst der 3. Reegel, 1900 dogéint wor keent wéinst der 2. Reegel.

De julianesche Kalenner, de Virgänger vum gregorianesche, huet nëmmen déi éischt Reegel kannt.

E Joer op der Äerd huet genau 365,2422 Deeg. Am julianesche Kalenner hat e Joer am Duerchschnëtt eng Längt vun 365,25 Deeg, an dat huet am Laf vu 15 Joerhonnerten zu engem Ënnerscheed vun 10 Deeg gefouert. De gregorianesche Kalenner huet dësen Ënnerscheed duerch e Joer mat 10 Deeg manner ausgeglach, an zwar 1582, wou nom 4. Oktober direkt de 15. Oktober koum. Zanterhir huet d'Joer am Duerchschnëtt 365,2425 Deeg. Dat ass zwar ëmmer nach zevill, ma eréischt an 10.000 Joer entsteet e Feeler vun 3 Deeg.

Kalenner

Skrikkeljaar | Schaltjahr | سنة كبيسة | Високосна година | Prestupna godina | Any de traspàs | Přestupný rok | Blwyddyn naid | Skudår | Schaltjahr | Liigaasta | Leap year | Año bisiesto | Superjaro | Urte bisustu | Skotár | Année bissextile | Skrikkeljier | Ano bisesto | 윤년 | Prijestupna godina | Tahun Kabisat | Anno bissextil | Hlaupár | Anno bisestile | שנה מעוברת | ნაკიანი წელი | Blydhen lamm | Annus bisextilis | Keliamieji metai | Szökőév | Престапна година | Tau pihetiri | Schrikkeljaar | 閏年 | Skuddår | Skotår | Rok przestępny | Ano bissexto | An bisect | Високосный год | Prijestupna godina | Leap year | Prestopno leto | Преступна година | Karkausvuosi | Skottår | Taong bisyesto | ปีอธิกสุรทิน | Năm nhuận | Artık yıl | Anêye bizete | 闰年

 

This article is licensed under the GNU Free Documentation License. It uses material from the "Schaltjoer".

Home Pageartsbusinesscomputersgameshealthhospitalshomekids & teensnewsphysiciansrecreationreferenceregionalscienceshoppingsocietysportsworld