article

Beschreiwung


D'Sauer ass e Niewefloss vun der Musel, dee laanscht an duerch Lëtzebuerg fléisst.

Si entspréngt zu Vaux-lez-Rosières, am Südoste vun der Belsch. Vu Marteleng un op enger 4 km no Norden mécht si d'Grenz tëscht Lëtzebuerg an der Belsch, ier se da queesch duerch d'Éislek leeft. Zu Esch-Sauer gëtt si zu engem Stauséi gestaut. Dësen ass den Zentrum vum Naturpark Uewersauer, an am Summer eng beléifte Vakanzeplaz. An éischter Linn ass en awer virun allem en Drénkwaasserreservoir. Zu Wallenduerfer-Bréck geet d'Sauer da Richtung Süde bis op Waasserbëlleg a mécht op deeër Streck d'Grenz tëscht Lëtzebuerg an Däitschland. Zu Waasserbëlleg un der "Spatz", deem déifste Punkt vum Land, fléisst d'Sauer an d'Musel.

Uertschaften un der Sauer (dem Waasserlaf no)


An der Belsch

Zu Lëtzebuerg

An Däitschland

Linken


Kuckt och

Um Spaweck

Lëtzebuerger WaasserleefBelsch Waasserleef

Sauer (Fluss) | Sûre | Sauer | Sûre

 

This article is licensed under the GNU Free Documentation License. It uses material from the "Sauer (Floss)".

Home Pageartsbusinesscomputersgameshealthhospitalshomekids & teensnewsphysiciansrecreationreferenceregionalscienceshoppingsocietysportsworld