| Fändel | Wopen | bgcolor="#FFFFFF" |
|||||||||||
|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|
| Basisdaten | bgcolor="#FFFFFF" | Haaptstad: | Mainz | bgcolor="#FFFFFF" | Fläch: | 19.847,39 km² (9.) | bgcolor="#FFFFFF" | Awunner: | 4.059.604 (7.) (30. Juni 2005) | bgcolor="#FFFFFF" | Bevëlkerungsdicht: | 205 Awunner/km² (9.) | |
| Politik | bgcolor="#FFFFFF" | Stëmmen am Bundesrat: | 4 | bgcolor="#FFFFFF" | Ministerpresident: | Kurt Beck (SPD) | bgcolor="#FFFFFF" | Parteien an der Regierung: | SPD-FDP-Koalitioun | bgcolor="#FFFFFF" valign="top" > | Sëtzverdeelung am Landtag (101 Sëtzer): | SPD 49 CDU 38 FDP 8 B90/Gring 6 | |
| Lokalisatioun | bgcolor="#FFFFFF" |
||||||||||||
D'Rheinland-Pfalz ass e Bundesland am Südweste vun der Bundesrepublik Däitschland, wat den 18. Mee 1947 gebilt gouf. Gëlteg Ofkierzunge sinn RLP, RPF bzw. RP (woubäi dat lescht mat der neier Autosplack vum Rhein-Pfalz-Krees ka verwiesselt ginn).
D'Rheinland-Pfalz grenzt un d'Bundeslänner Nordrhein-Westfalen, Hessen, d'Saarland, Baden-Württemberg an un d'Belsch, Frankräich a Lëtzebuerg.
D'Landeswope vu Rheinland-Pfalz besteet aus dem Léiw vun der Pfalz, dem Kräiz vum Erzbistum a Kurfürstentum Tréier souwéi dem Mainzer Rad an erënnert domadder un d'KurfürstentümerTréier, Mainz a Pfalz, déi bis 1806 existéiert hunn.
Dat iewescht rietst Drëttel hëlt dat zanter 1273 attestéiert Wouerzeeche vum Erzbistum Tréier an, d'roud Kräiz op wäissem Hannergrond. Am lénken ieweschten Drëttel ass op roudem Hannergrond d'Sëlwerrad mat sechs Speechele vum Erzbistum Mainz, wat och zënter dem 13. Joerhonnert als Sigel agefouert gi war. De gëlle Léiw am ënneschte schwaarzen Drëttel steet fir d'Kurpfalz, an ass ob de besonnesche Rang vun den Herzoge vu Bayern als "Pfalzgrafen bei Rhein" zeréckzeféieren. Iwwert dem Schëld steet eng Kroun aus fënnef gëllene Wäiblieder, Rheinland-Pfalz ass e bedeitend Däitscht Wäibaugebidd.
D'Rheinland-Pfalz ëmfaasst am Norde vun de Rheinesche Schieferbierger de südlichen Deel vun der Eifel, den Hunsrück, de westleche Westerwald an de nordwestlechen Deel vum Taunus, souwéi am südliche Beräich d'Rheinhessescht Hiwwelland, d'Nordpfälzer Biergland, de Landstuhler Bruch, d'Südwestpfälzesch Héichfläch, de Pfälzer Bësch an en Deel vun der Uewerrheinescher Déifebene. Den héchste Bierg ass den Erbeskopf (816 m) am Hunsrück. Kuckt heizou och Bierger an der Rheinland-Pfalz.
Duerch Rheinland-Pfalz fléissen déi grouss Bundeswaasserstroosse Rhein, Musel, Saar a Lahn. Weider Flëss sinn Nahe, Sauer, Our, Glan a Sieg. Kuckt heizou och Flëss an der Rheinland-Pfalz.
An der Rheinland-Pfalz ginn et 24 Landkreeser:
Kuckt heizou och d'Lëscht vun de kreesfräie Stied an Däitschland.
Rheinland-Pfalz ass an 9 Regiounen agedeelt:
| Uertschaft | Kuckeswäertes |
|---|---|
| Andernach | |
| Bingen um Rhein | |
| Bad Kreuznach | |
| Idar-Oberstein | |
| Koblenz | |
| Mainz | |
| Rhens | |
| Remagen | |
| Sankt Goarshausen | |
| Schifferstadt | |
| Speyer | |
| Tréier | |
| Worms | |
| Vulkaneifel |
Rynland-Palts | Rheinland-Pfalz | راينلاند-بفالز | Rheinland-Pfalz | Rheinland-Pfalz | Рейнланд-Пфалц | Renània-Palatinat | Porýní-Falc | Rheinland-Pfalz | Rheinland-Pfalz | Rhineland-Palatinate | Renania-Palatinado | Rejnlando-Palatinato | Rheinland-Pfalz | راینلاند-فالتز | Rhénanie-Palatinat | ריינלנד-פאלץ | Porajnje-Falačka | Renania-Palatinato | ラインラント=プファルツ州 | რაინლანდ-პფალცი | 라인란트팔츠 주 | Reinzeme-Pfalca | Reino kraštas-Pfalcas | Rajna-Pfalz | Rijnland-Palts | Rheinland-Pfalz | Rhienland-Palz | Nadrenia-Palatynat | Renânia-Palatinado | Renania-Palatinat | Рейнланд-Пфальц | Rhineland-Palatinate | Rheinland-Pfalz | Райнланд-Пфальц | 莱茵兰-普法尔茨
This article is licensed under the GNU Free Documentation License.
It uses material from the
"Rheinland-Pfalz".
Home Page • arts • business • computers • games • health • hospitals • home • kids & teens • news • physicians • recreation• reference • regional • science • shopping • society • sports • world