Als Réimescht Räich (Imperium Romanum) beschreiwt een generell de réimesche Staat an de Joerhonnerten no der Reorganisatioun vum Augustus. Obschons Roum och schon virum Augustus eng grouss Partie vu Länner erobert haat déi Tribut hu misse bezuelen, gëtt d'Zäit vrum Augustus als Réimesch Republik bezeechent. Den Ënnerscheed tescht réimeschem Räich a réimescher Republik ass haaptsächlech de Gouvernement.
Am alldeegleche Sproochgebrauch gëtt den Ausdrock Réimescht Räich och benotzt fir d'Gebidd ze beschreiwen, daat vu Roum vum 6. Joerhonnert v. Chr. bis zum 5. Joerhonnert eiser Zäit beherrscht gouf.
Déi gréissten Ausdeenung haat d'Réimescht Räich zur Zäit vum Keeser Trajan, wou d'Gebidder ronderem d'Mëttelmier, Gallien, Deeler vu Britannien a Lännereien ronderem d'Schwaarzt Mier zum Räich gezielt hun.
D'Réimescht Räich haat e groussen Afloss op d'Gebidder wou ët sech ausgebred huet, an esouguer iwwert d'Grenzen eraus. Am Oste vum Räich huet sech de réimeschen Afloss mat griichesch-hellenisteschen an orientaleschen Elementer vermescht, während de Westen latiniséiert gouf.
D'laténgesch Sprooch haat e groussen Afloss op eis modern romanesch Sproochen (italienesch, franséisch, spuenesch, portuguisesch a rumänesch). Vrun allem eise Rechts- a Staatssystem ass enorm vum Réimesche Räich geprägt gin.
D'Geschicht vum Réimesche Räich léisst sech a 6 Phasen ënnerdeelen.
De Stadtstaat Roum, deen um Ufank ënnert etruskescher Kinneksherrschaft stoung, krut ëmmer méi Afloss an Italien, nodeems en sech ca. 500 vun den Etrusker oofgeléist huet. Ët ass och zu dëser Zäit wou d'Kinnekräich an eng Republik ëmgewandelt gëtt, déi vun zwee Konsulen pro Joer, déi vum Senat gewielt goufen, regéiert gouf. Als éischten, einegermoossen festen Punkt, kann een d'Zwölftafelgesetz vun 451 notéieren.
Roum huet mat enger Expansioun a Mëttelitalien ugefangen, mee huet nierwt Succèsen och Néierlagen missen astiechen. Dorops folgen d'Samnitekricher (343-290) an de Latinerkrich (340-338). Roum huet sech en Alliancesystem geschaaf, andeems d'Kolonien op strategesch wichtege Plaazen gegrënnt goufen. Ausserdem goufen Uniounen mat den italienesche Stämm geschloss, woubäi dës Awunner awer nët d'réimescht Biirgerrecht kruten.
Am 3. Joerhonnert v. Chr. setzt sech Roum géint d'Samniten an aner italienesch Stämm duerch. No an no ass déi ganz Hallewinsel ënnert réimesch Herrschaft gefall, mat der Ausnahm vun Ueweritalien, waat spéider annexéiert gouf. Am Süde goufen d'griichesch Stadtstaaten ageholl. Dës Expansioun huet zu engem Konflikt mam bis dohinner friddleche Karthago gefouert, an dëst zu de Punesche Kricher.
Am Éischte Punesche Krich (246-241) huet Roum eng Flott opgebaut, fir sech Karthago entgéintzestellen. No verschiddene Néierlagen konnt Roum sech a Sizilien etabléieren. Datt dëst Karthago nët gepasst huet ass kloer, an sou koum ët zum Zweete Punesche Krich, wou den Hannibal Roum ellen un d'Ziddere bruecht huet, besonnesch duerch d'réimesch Néierlag bei Cannae. Allerdéngs ass ët dem Hannibal nët gelongen, den italieneschen Allianzsystem ze zerstéieren, an de réimesche Feldhär Scipio gëtt dem Hannibal 202 bei Zama Meeschter. Karthago huet hier Muecht verluer an Roum, nierwt Spuenien, gewënnt un Afloss.
De Sieg iwwer Karthago an den zwee éischte Punesche Kricher huet d'Stellung vu Roum am westleche Mëttelmier oofgeséchert. Ab 200 mëscht sech Roum och an d'Muechtspill vun den hellenistesche Räicher an. Do woren d'Groussmuechten nët an der Lag, friddlech zesummenzeliewen. D'Folleg woren Konflikter mat den Antigoniden wou Roum a Griicheland intervenéiert ass, fir de makedoneschen Afloss zeréckzedrängen. E weidere Krich gouf géint d'Seleukiden gefouert, an e Ruff ëm Hëllef haat e Krich géint den Antiochos III. zur Folleg. Domadder gouf Roum de facto d'Haaptmuecht am östleche Mëttelmier. D'Versich vu Makedonien, hier Hegemonie oprecht ze erhaalen, hun zu weidere Kricher gefouert, woubäi Makedonien 148 de Kiirzere gezunn huet, an zu enger réimescher Provenz gouf. Daat selwecht Schicksal gëllt fir Griicheland 146, an, no der Zerstéierung vu Karthago am Drëtte Punesche Krich, fir d'nei Provenz Africa. Nëmmen Ägypten, waat an e réimescht Protektorat ëmgewandelt gouf, a Pergamon konnten hier Onoofhängegkeet fir eng Zäit secheren. Pergamon gëtt 133 zu enger réimescher Provenz. 64/63 gëtt de Rescht vum Seleukideräich duerch de Pompeius zur Provenz Syria.
Säit der Mëtt vum 2. Joerhonnert v. Chr. befënnt sech d'Republik an enger innepolitescher Kris déi zu de réimesche Biirgerkricher féiere wärt, an zu enger Reform vum politesche System féiere wärt. D'Reform vun de Gebridder Tiberius Gracchus a Gaius Gracchus, d
Am Senat geet de Sträit monter weider, an Ufanks kann de Sulla sech als Diktator behaapten. No sengem Doud bekriche sech den Julius Cäsar an de Pompeius, woubäi de Pompeius de Kiirzeren zitt. Mee och den Cäsar kann sech als Diktator net behaapten a gëtt 44 v. Chr. ermuerd.
Nom Doud vum Cäsar ass et de Republikaner awer net gelongen, déi aal Verhältnisser erem hirzestellen, an den Octavian, de spéideren Augustus, setzt sech schlussendlech duerch.
Als dem Cäsar säin Ierwen huet den Octavian et Ufanks zimlech schwéier. Mee en huet aus de Fehler vu sengem Virgänger geléiert, a geet seng Reform méi douce un, fir de Senat net ze bruskéieren. Emmerhin ass jo bekannt, waat dem Cäsar geschitt ass, an de Octavian well secherlech net, datt et him genausou ergeet. Hie léisst also Ufanks déi republikanesch Konstitutioun a Kraaft, a sechert sech seng Positioun duerch eng ganz Partie Ämter. De Senat gesäit am Octavian dann och kee Kinnek, mee den Princeps, den éischte Biirger. De Regime, dee vum Octavian agefouert gouf, gëtt dowéinster och Prinzipat genannt. Am Joer 27 eiser Zäit kritt hien vum Senat den Titel mat deem hien an d'Geschichtsbicher agoe wärt, Augustus.
D'Keeser wore Meeschter iwwert de gesamte Mëttelmierraum, an och de Westen a Süden vu Germanien gehéiert zum réimesche Räich. Am Nordosten gin d'Réimer allerdengs am Joer 9 gestoppt (Varusschluecht). Ënnert dem Keeser Claudius kennt Britannien zum Räich a spéider och Thrakien. Déi gréissten Ausdeenung haat d'Räich zur Zäit vum Keeser Trajan am Joer 117. Och d'Zäit vum Keeser Hadrian, deen zwar déi östlech Eroberungen vum Trajan opgëtt, ass eng gudd Zäit fir d'Räich.
An der Mëtt vum 2. Joerhonnert schengt d'Räich op sengem Héichpunkt ukomm, mee schon ënnert dem Marcus Aurelius kommen déi éischt Problemer op d'Réimer duer (Kämpf mat de Germanen a Parther). An de folgenden Joerzingten ass keng Rouh am Räich. D'Grenze gin ëmmer méi oft ugegraff an och innepolitesch ass d'Situatioun nët roseg. Am 3. Joerhonnert konnten d'Severer d'Lag liicht stabiliséieren, mee och sie konnten e Krich mat de Sassaniden net verhënneren. Doropshin kommen d'Zaldotekeeser un d'Muecht, déi de Streidereie Meeschter gin an Palmyra ennerwerfen (272).
284 gi mer mam Diokletian an d'sougenannte Spéitantikitéit. Hien huet d'Verwaltung reforméiert an de System vun der Tetrarchie agefouert. No dësem System gëtt et ëmmer zwee Senior-Keeser (Augusti) an zwee Junior-Keeser (Caesar). D'Räich war scho laang fir een alleng ze grouss gin, mee de Gedanken d'Unitéit opzegin koum nët a Fro.
Dem Konstantin de Groussen wor daat allerdengs nët genuch. Hien huet seng Rivalen aus dem Wee geraumt a wor 324 erem eenzege Keeser. An d'Geschichtsbicher agangen ass hien vrun allem duerch d'offiziell Erlabnis vum Chrëschtentum an duerch d'Grënnung vu Konstantinopel, wouduerch sech den Haaptschwéierpunkt vum Räich méi no Osten geriicht huet.
Ennert dem Valentinian I. gëtt d'Räich aus Verwaltungsgrënn dann trotzdem opgedeelt, eng Deelung déi nom Doud vum Theodosius I. definitiv wärt sin. No der Néierlag vun Adrianopel konnt hien d'Goten a Schach halen, andeems hien Veträg mat hinnen ënnerzeechent huet.
Am Laaf vum 5. Joerhonnert ass allerdengs d'westréimescht Räich zerfall. Eng wichteg Ursach dovunner ass natiirlech d'Völkerwanderung. No der Schluecht vun Adrianopel 378 goung ëmmer méi d'Kontroll iwwert déi westlech Provenze verluer. Vrun allem de Verloscht vun Africa wor e schwéiere Schlag. De Regierungssëtz wor op Ravenna verluecht gin, mee och an Italien hun d'Germanen ëmmer méi un de Grenze geréckelt. 410 eroberen d'Westgoten Roum, 455 zéien d'Wandalen no. D'réimesch Arméi, déi zou engem gréissten Deel aus Söldner bestanen huet, haat deem wéineg entgéintzesetzen, an innepolitesch wor schon laang nët méi alles wéi ët si sollt. 476 setzt den Odoaker de westréimesche Keeser Romulus Augustulus oof, mee bleiwt awer dem ostréimesche Keeser trei.
Am Osten wor d'Situatioun méi roseg, an d'Byzantinescht Räich besteet nach bis an d'15. Joerhonnert eran.
D'Hellegt Réimescht Räich vun Däitscher Natioun huet sech als Nofolger vum Westréimesche Räich ugesin, während de russeschen Zar iwwert d'byzantinesch Ierwschaft och d'Keeserkroun revendikéiert huet. D'Begrëffer Keeser an Zar sin dann och vum réimeschen Caesar oofgeleed.
Římská říše | Romerriget | Römisches Reich | Ρωμαϊκή Αυτοκρατορία | Roman Empire | Imperio Romano | Romia imperio | Empire romain | האימפריה הרומית | Impero romano | ローマ帝国 | Imperium Romanum | Romas impērija | Romos imperija | Római Birodalom | Romeinse Rijk | Romerriket | Cesarstwo rzymskie | Império Romano | Imperiul Roman | Древний Рим | Roman Empire | Staroveký Rím | Rimski imperij | Rooman valtakunta | Romerska riket | 羅馬帝國
This article is licensed under the GNU Free Documentation License.
It uses material from the
"Réimescht Räich".
Home Page • arts • business • computers • games • health • hospitals • home • kids & teens • news • physicians • recreation• reference • regional • science • shopping • society • sports • world