D'Puszta (heinsdo och Pussta geschriwwen) ass eng typesch ungaresch Landschaft, déi flächeméisseg de gréissten Deel vum Land anhëllt. D'Puszta ass eng Stepp mat wéineg Beem, enger dënn geséinter Vegetatioun an engem kontinentale Klima. D'Puszta ass fréier als Landschaft mat vill Sand charakteriséiert ginn, an där et bal nëmme Weedland gouf. Well iewer a leschter Zäit grouss Ustrengunge gemeet si ginn, fir och aner Kulturen z'ëntwéckelen, gesäit haut d'Puszta nët méi sou trist aus wéi fréier. Well de Grondwaasserspigel duergéint héich ass, ginn et vill typesch Pëtzen, déi een ëmmer erëm op Biller gesäit (op däitsch:Ziehbrunnen), duerch déi d'Bewässerung vum Buedem erliichtert gëtt.
Puszta | Puszta | Pusto | Puszta | Puszta | Puszta | Пуста | Pusta | Puszta