article

Als Punesch Kricher bezeechent een déi dräi Kricher, déi tëscht Karthago a Roum vun 264 bis 146 viru Christus ausgedroe goufen. D'Karthager, och Punier genannt, sinn d'Phönizier.

Éischte Punesche Krich (264-241 v. Chr.)


Den éischte Punesche Krich gouf laangfristeg ausgeléist duerch de Sträit vun de Réimer, déi hier Söldnerarméi op dem Festland agesat hunn, an de Karthager, déi op d'Schëfffahrt spezialiséiert waren. Griichen hu sech op Sizilien vill Jore virdrun niddergelooss. Zu Messina koum et zu Problemer tëscht de Griichen. Déi eng hunn d'Réimer zu Hëllef geruff, déi aner d'Karthager.

Réimescht_Krichsschëff_2.jpg 260 v. Chr.: Bis zu deem Zäitpunkt haten d'réimesch Genereel hier Legiounen net ausserhalb vun Italien gefouert. Mee dunn hu se d'Awunner vu Syracus, Alliéierter vun de Karthager, besiigt. Op der anerer Säit hunn d'Karthager um Mëttelmier mat hiere Schëffer geglänzt. D'Réimer, di ni mat Schëffer an de Kampf gaange waren, hunn entschloss lo awer Schëffer ze bauen. Als Modell hu se e Schëff vun Karthager geholl, wat enges Daags u réimescht Territorium gespullt gouf. D'Réimer hun honnert desser Schëffer gebaut; als Erfindung vun hinnen koum de sougenanntene corvi (Kueben) dobai. D'Kueben waren Passerellen mat enger laanger Pick op der enneschter Säit. Sou konnt e Schëff betratt ginn. De Konsul Caius Duilius huet dunn e grousse Kampf gemaach an huet dobäi 60 Schëffer vun de Karthager "um Schlawitche" geholl an zerstéiert. Als Erënnerung un dëss Victoire hun d'Réimer eng Siegessäil um Forum erriicht.

255 v. Chr.: Duerno hunn d'Senatoren di zwee Konsulen Regulus an Manlius an Afrika geschéckt. No enger grousser Victoire huet den Manlius vill Krichsgefaangener a vill erbeitet Saachen op Roum geschéckt. Aus de Gefaangene goufe wuel Sklaven, sou wéi dat an der réimescher Zivilisatioun üblech war. Elo ass et de Karthager duer gaang: Si hunn e berühmtene Krichschef, den Griich Xanthippus, em Hëllef gefrot. Hien huet d'Truppen gefouert mat grousser Wäisheet. Elefante waren genee wi am zweete Punesche Krich och mat vun der Partie. D'Réimer hunn et mat der Angscht ze di kritt beim Ubléck vun deene riisegen Déckheiter. Net vill Leit hunn iwwerlieft, souguer de Regulus gouf gefaange geholl.

An dat war och irgendwéi gudd: D'Karthager soten him, hie soll op Roum goen an als Ambassadeur virun de Senat goen. Falls d'Réimer all gefaange Karthager géinge fräi loossen, sou wier hien selwer fräi an e kéint zréck an Italien. Mee hie misst zréck op Karthago kommen, a wann d'Réimer net jiddfer Karthager géinge fräi loossen, da géif hien op éiweg selwer Gefaange bleiwen. De Regulus huet geschwuer, mee sou bal hien zu Roum war, huet en zu de Senatore gesot, se dieften d'Karthager net fräi loossen, well et si jonk Menschen a gudd Krichscheffen. Allerdings wier hien schon en ale Mann. Hie misst zréck op Karthago, well hien dat geschwuer hat. Weder d'Léift zur Heemecht nach déi zur Fra oder d'Wieder vun den Eltren konnten hien emstëmmen. Zréck an Afrika gouf hien ermord. Wéineg Leit hate sou vill Courage wi hien.

241 v. Chr.: De Konsul Caius Lutatius huet dunn e Séikampf bei den Iles Egates, déi an der Géigend vun Sizilien leien, engagéiert. Victoire vun de Réimer war de Schluss vun dem éischte Punesche Krich no 24 Joer. Karthager hu kapituléiert an Sizilien souwéi 80 Tonne Sëlwer un d'Réimer ofginn.

Zur finanzieller Verwaltung vun dësser neier Insel hunn d'Réimer Zöllner agesat. Déi hunn d'Inselbewunner wuel ausgequetscht: Si hunn d'Bewunner vill méi héich Sommen gefrot, wéi se u Roum missten am Fong ginn. Doduerch hunn di Zöllner sech eng gelle Nues verdingt. Dunn suergt en Opstand vun de Söldner zu Karthago fir Onfridden. Roum profitéiert, besetzt Sardinien a Korsika a kasséiren och nach 30 weider Tonne Sëlwer. Karthago sicht dofir Ersatz a Spuenien. Den Lutatius-Traité trennt d'Interessegebitter. Alles ënnerhalb dem Ebro war also Gebitt vun de Karthager. Allerdings war desst Bündnis illegal, well d'Réimer hunn am zweete Punesche Krich dem Hannibal virgeheit, hien hätt den Traité verstouss wi en Sagunt ageholl huet. Mee Sagunt läit däitlech ennert dem Ebro. Dat war de Grondsteen fir den zweete Punesche Krich.

Zweete Punesche Krich


Am Fréijoer 217 v. Chr. koum et zur Schluecht vum Trasimenesche Séi, bäi deer de karthagesche Feldhär Hannibal d'Réimer geschloen huet.

Drëtte Punesche Krich


Literatur


Um Spaweck


Punesch Kricher

Gwerer Puniċi | Punski ratovi | Guerres púniques | Punské války | Puniske krige | Punische Kriege | Punic Wars | Guerras Púnicas | Guerres puniques | Guerras púnicas | המלחמות הפוניות | Guerre puniche | ポエニ戦争 | Punische oorlogen | Punerkrigene | Wojny punickie | Guerras Púnicas | Пунические войны | Púnske vojny | Пунски ратови | Puunilaissodat | Puniska krigen | 布匿战争

 

This article is licensed under the GNU Free Documentation License. It uses material from the "Punesch Kricher".

Home Pageartsbusinesscomputersgameshealthhospitalshomekids & teensnewsphysiciansrecreationreferenceregionalscienceshoppingsocietysportsworld