article

Planzeräich oder Plantae, ass eent vun de véier Räicher vun den Eukaryoten. D' Naturwëssenschaft vun de Planzen ass d'Botanik.

Viru méi wéi 400 Millioune Joer huet sech d'Flora entwéckelt. Si erniert d´Welt. D'Planze sinn d´Primärproduzente vun der Biosphär. Si wandelen d´Liicht vun der Sonn an eege Kierpersubstanz ëm a bilden domatter d´Ernierungsgrondlag fir Déieren, Pilzer a vill Mikroorganismen.

Opbau a Funktiounen


Et existéiert eng grouss Terminologie fir d´Planzen an alle Variatiounen ze beschreiwen. Dofir hei nëmmen dat Wichtegst. Eng typesch Bléieplanz besteet aus enger Wuerzel, engem Stamm oder Stil, Blieder a Bléien, wourauser och deelweis Friichte kënnen entstoen. Donieft ginn et nach d´Hoer, d´Stachelen an d´Daren.

D'Wuerzele vun de Planzen hu sech entwéckelt, well si op d'Waasser an d'Mineralstoffer aus dem Buedem ugewise waren. Di Stoffer déi si doduerch opgeholl hu sinn iwwert speziell Réiercher an den ieweschten Deel vun de Planze weidergeleet ginn. De Still ass ass dofir do fir d'Blieder ze halen, déi d'Energie vun der Luucht afänken, aus der Loft Kuelendioxid ophuelen a Waasser a Sauerstoff ofginn.

Eng zweet Aufgab vun de Wuerzelen ass et d'Planz am Buedem festzehalen.

Systematik


Dat heitegt Planzeräich besteet aus ongeféier enger Millioun Planzenaarten déi een an 12 Ofdeelunge kann trennen. Néng dovunner gehéieren zu den Algen. Déi aner dräi bilden zesummen déi gréng Landplanzen, déi, vum Moos ofgesinn, Odere fir de Waassertransport hunn, an dofir vum Buedem ewech no uewe wuesse kënnen.

Planzeräich

Linken


Kuckt och

Um Spaweck

Planzeräich

Plantae | Растения | উদ্ভিদ | Planta | Rostliny | Planhigyn | Planteriget | Pflanzen | Plant | Plantoj | Plantae | Taimed | Kasvi | Plante | Plantis | Planda | Planta | צמח | Növény | Plantae | 植物 | 식물 | Planta | Augalų karalystė | Augi | Растенија | Tumbuhan | Kilitl | Plant | Planten | Plante | Planter | Rośliny | Plantae | Растения | Plant | Rastliny | Rastline | Växter | พืช | Plantae | Рослини | Thực vật | %E6%A4%8D%E7%89%A9 | Si̍t-bu̍t

 

This article is licensed under the GNU Free Documentation License. It uses material from the "Planzeräich".

Home Pageartsbusinesscomputersgameshealthhospitalshomekids & teensnewsphysiciansrecreationreferenceregionalscienceshoppingsocietysportsworld