Piff, am Norde vum Éislek "Mëstepuddel" genannt, ass en natierlecht Düngemëttel, dat haaptsächlesch aus dem Urin vun Déiere besteet. Nieft 90% Waasser enthält et virun allem Stéckstoff a Kali. Am stéckstoffräichsten ass d'Piff vu Schof a Päerd.
Si gëtt vum Bauer iwwer de Wanter an enger Piffzëtär gesammelt an da mat engem Piffwon op Wisen, Weeden a Stécker ausbruecht.