D' Péiterséileginsel, op Spuenesch Isla Perejil, op Arabesch Leila genannt, läit an der Strooss vu Gibraltar tëscht dem Mëttelmier an dem Atlantik. Si ass eppes 200 Meter vun der marokkanescher Küst an 8 Kilometer vun der spuenescher Enklav Ceuta ewech.
Den héchste Punkt vun der Insel, déi 500 Meter op 300 Meter grouss ass, läit 74 Meter iwwer dem Mieresspigel.
D'Insel, déi onbewunnt ass, gëtt souwuel vu Spuenien wéi och vu Marokko reklaméiert. Am Onofhängegkeetsvertrag mat Marokko gouf se net ernimmt. Wéi den 11. Juli 2002 marokkanesch Gendarmerie d'Insel besat huet, koum et zum Péiterséileginselkonflikt tëscht beede Staaten, deen duerch d'Vermëttlung vun der Europäescher Unioun an dem US-amerikaneschen Ausseminister konnt bäigeluecht ginn.
جزيرة ليلى | Isla Perejil | Pulau Perejil | Isla Perejil | Persilleøen | Isla Perejil | Isla Perejil | Isla Perejil | Îlot Perejil | פרחיל | Perejil | Peterselie-eiland | Перехиль | Perejil | 雷拉岛
This article is licensed under the GNU Free Documentation License.
It uses material from the
"Péiterséileginsel".
Home Page • arts • business • computers • games • health • hospitals • home • kids & teens • news • physicians • recreation• reference • regional • science • shopping • society • sports • world