Ons Heemecht ass d'Nationalhymn vu Lëtzebuerg. D'Melodie vun der Heemecht ass vum Jean-Antoine Zinnen (1827-1898) an d'Wierder vum Michel Lentz (1820-1893). Luxhymn.ogg
De 5. Juni 1864 gouf d'Uelzecht, wéi dat Lidd am Volleksmond nach genannt gëtt, zu Ettelbréck uropgeféiert. Dat war beim éischte Museksfest vum Allgemeiner Luxemburger Musikverein. Am Haff vun der Primärschoul erënnert haut nach eng Plack dorun. Fir d'éischt gespillt gouf d'Stéck zu Veianen de 25. Mee 1865.
1993, am honnertsten Doudesjoer vum Michel Lentz, krut Ons Heemecht e legale Statut an e gesetzleche Schutz. Am Gesetz vum 16. September 1993, dat d'Gesetz vum 23. Juni 1972 iwwert d'national Ofzeeche geännert huet, heescht et am Artikel 6 datt di éischt an di lescht Stroph vum Gesank «Ons Heemecht» (1859), Text vum Michel Lentz, Musek vum Jean-Antoine Zinnen, sou wéi se am Unhang vun deem Gesetz verëffentlecht sinn, d'Nationallidd vum Groussherzogtum Lëtzebuerg duerstellen.
Lucemburská hymna | Ons Heemecht | Ons Hémécht | Ons Hémécht | Ons Heemecht | Ons Heemecht | Ons Heemecht | ルクセンブルクの国歌 | Ons Hémécht | Hymn Luksemburga | Hino nacional do Luxemburgo | Ons Hémécht | Ons Hémécht | Ons Hémécht | Ons Hémécht
This article is licensed under the GNU Free Documentation License.
It uses material from the
"Ons Heemecht".
Home Page • arts • business • computers • games • health • hospitals • home • kids & teens • news • physicians • recreation• reference • regional • science • shopping • society • sports • world