article

D'Wuert Musek kënnt aus dem griicheschen mousike (techne) wat esouvill wéi d'Konscht vun de Musen heescht.

Musekwëssenschaft


D'Musekwëssenschaft an hir Disziplinne befaassen sech mat der Entwecklung an Entstehung vu Musek (Musekgeschicht), hiere Komponisten, hiere Wierker an Interpreten, souwéi mat de Museksinstrumenter.

Weider Forschungsrichtunge sinn:

Musektheorie mat hierer Kinneksdisziplin
Harmonie,
Museksoziologie a
Musekpsychologie.

D'Musekwëssenschaften kann een graff an dräi Beräicher andeelen :

Formen, Genren a Stiler


D'Musekwëssenschaften hun eng Partie Ordnungsdimensiounen entweckelt déi mat ënnerschiddlechem Erfolleg op d'Musek ugewant goufen.

No der Zort vun de Bedeelegten

Nom Ursprong

  • Musek aus europäescher Ofstaamung
  • Exotesch Musek

Nom Verwennungszweck

No reliéiser Motivatioun

Nom Tounsystem

No der Unzuel vun de Musikanten

Musek an déi aner Disziplinen


Architektur

Bei den aale Griichen a Réimer waren Musek an Architektur vill mei enk mateneen verbonnen wéi daat hautzudags de Fall ass. Architekten, Museker an Philosophen hun an de vergangene Joerhonnerten nët nëmmen Verbindungen gesicht mee sech och géigesäiteg nei Impulser ginn.

Uwendung

Obwuel Musek oft als zweckfräi Konscht ugesi gëtt, als d'gezielt Uwendung wäit verbreet. Zum Beispill fir verschidde Gefiller ze schafen (Reklamm, Filmmusek), zu therapeuteschen Zwecker (Musektherapie) asw. Musek gëtt och mat anere Konschtforme verbonnen, zum Beispill mat Lyrik (Oper asw.) oder Danzen (Ballet)

Geschicht

Musek kann an Epochen ënnerdeelt ginn, déi sech an der konventioneller Musekgeschicht un aner Formen vu Konscht an Architektur orientéieren (zum Beispill Musek vun der Antikitéit, Renaissancemusek, Barockmusek, Klassesch Musek asw.). Neitse Forschungen probéieren awer och elo eng Historiographie opzestellen déi sech mat der Musekstruktur selwer befaasst an net mat den Afless vu baussen.

An der Chronologie vun der musikalescher Entwëcklung kann ee folgend eurozentristesch Abschnetter ënnerscheeden :

Museksoziologie

Musek ass net nëmmen Selbstzweck a Kultur, mee och eng gudd verdingend Branche an der Kulturindustrie. Déi heiteg Museksindustrie bestëmmt musikalesch Entwecklungen (Casting Bands], kommerzialiséiert onofhängeg entstane Formen (Jazz, Punk) an übt a Form vu massiver Lobbyaarbecht Afloss op politesch Entscheedungen aus (Copyright).

Musektechnologie

Nieft de Firmen aus der Medienindustrie spillt och d'Musektechnologie eng ëmmer méi grouss Roll bei deem waat gelauschtert gëtt. Fir opgezeechent Musek ze lauschteren brauch ee speziell Apparater (Tounbandgerät, Plakkespiller, CD-Player, MP3-Player asw.) déi sech ëmmer méi un de Méiglechkeeten vun der Computertechnologie orientéieren. Mat der Audio-CD koum d'Digitaliséierung vun der Musek, duerch d'MP3 goufen d'Musekdaten kompriméiert wou verschidden Elementer aus der Musek erausgeholl kënne gin déi fir d'Qualitéit manner wichteg erschéngen.

Mat den neien Technologien wéi zum Beispill d'DVD-Audio oder d'SACD (Super Audio CD) goufe Mono/Stereo a Méikanaltoun (am allgemengen Fënnefkanal, "Surround") erweidert.

Literatur zum Thema


Noschlowierker

  • Friedrich Blume (Erausg.), MGG - Die Musik in Geschichte und Gegenwart : Allgemeine Enzyklopädie der Musik, dtv, ISBN 3-423-05913-3, Nodrock vun der 1949 Editioun a 17 Bänn
  • Ludwig Finscher (Erausg.), MGG - Die Musik in Geschichte und Gegenwart : Allgemeine Enzyklopädie der Musik, begründet von Friedrich Blume. Zweite, völlig neu barbeitete Ausgabe, Bärenreiter / Metzler, 1994, 20 Bänn
  • Stanley Sadie (Erausg.), The New Grove. Dictionary of Music and Musicians., 1999, Macmillan Publishers Ltd., 29 Bänn, iwwer 29.000 Artikelen

Grondlage vun der Musek

  • Hans Renner, Grundlagen der Musik - Musiklehre, 1953, ISBN 3-15-007774-5

  • Leonard Bernstein, Musik - die offene Frage, ISBN 3-442-33052-1

Linken


Kuckt och

Um Spaweck

Musek

Musiek | موسيقى | Mosica | Música | Musik | Muzik | Fɔlikan | সঙ্গীত | Музыка | Mużika | Muzika | Музика | Música | Hudba | Musica | Cerddoriaeth | Musik | Musik | Μουσική | Music | Música | Muziko | Muusika | Musika | موسیقی | Tónleikur | Musique | Muzyk | Ceol | Ceòl | Música | מוזיקה | संगीत | Glazba | Muziko | Musica | Музыкæ | Tónlist | Musica | 音楽 | მუსიკა | Ylow | Музыка | Ngoma | 음악 | Muzika | Musica | Mūzika | Muzika | Muziek | zgike | Zene | Música | Muziek | संगीत | Musikk | Musikk | Mûsique | Musica | مۇزىكا | Musik | Muzyka | Música | Muzică | Музыка | गानं | Mùsica | Mmino | Muzika | Mùsica | Music | Hudba | Glasba | Музика | Muzika | Musiikki | Musik | Musika | இசை | ดนตรี | Müzik | Музика | Muxèga | Muusiga | Muzike | מוזיק | 音乐

 

This article is licensed under the GNU Free Documentation License. It uses material from the "Musek".

Home Pageartsbusinesscomputersgameshealthhospitalshomekids & teensnewsphysiciansrecreationreferenceregionalscienceshoppingsocietysportsworld