article Related Topics:
Meilin_Li
 

Eng Meil ass eng Moosseenheet fir Distanzen ze moossen. Et gi Landmeilen an nautesch Meilen: eng Landmeil sinn 1.609 Meter an eng nautesch Meil sinn 1.852 Meter.

Definitiounen


Déi verschidde Meilen:

Geschicht


Queesch duerch d'Geschicht ass den Begrëff Meil matt verschidden Definitiounen gebraucht ginn.

Bei de Réimer war eng Meil ongeféier 1479 Meter. Eng réimesch Meil huet aus 1000 "Duebel-Schrëtt" bestan, eben zwee Schrëtt vun engem Legionär. All "Duebel-Schrëtt" gouf Passus genannt, dat waren ongeféier 57,60 Zentimeter. Dat Wuert Meil kënnt vu mille passus (Méizuel milia passuum), dausend Schrëtt. Et waren och d'Réimer, déi laangscht hire Stroossen duerch ganz Europa, op d'manst an hirem Imperium Romanum, ee Steen fir all Meil gestallt hunn, Meilensteng. De réimeschen Numm fir esou ee Steen, milliarium (Méizuel milliaria), ass och oft benotzt ginn amplaz vu Meil.

An der Navigatioun ass meeschtens déi geografesch Meil benotzt ginn, définéiert als 1 Minutt vum Längemeridian um Äquator, ongeféier 1855 Meter.

Den Numm stature mile kënnt dohier, dass d'Queen Elizabeth I. vun England am Joer 1593 mat engem statute (ähnlech eisen "arrêté royal grand-ducal") d'Längt vun enger Meil vun 5000 op 5280 Fouss geännert huet.

Och wann d'International Meil 1959 offiziell als Moosseenheet festgehal gouf, ass an Amerika d'survey mile weiderhin am Gebrauch bliwwen, zum Beispill fir d'Kadasteren. Et ass also eréischt zënter dem 1. Juli 1959 dass weltwéit 1 Meil déi selwecht Längt huet.

Länner an hir Meilen


Hei kritt dir eng Iddi, wéi ënnerschiddlech de Begrëff eng Meil ausgeluecht gëtt:

1 Meil (mil, miil, mijl, mila, mile, mille):

  • ca. 1482 m – antikt Roum, mille passus,milliarium
  • 1524 m – England (London Mile)
  • 1609,3426 m – (historesch statute mile an Groussbritannien bis 1. Juli 1959)
  • 1609,344 m - International Meil , statute mile
  • 1820 m – Italien
  • 1852 m – Nautesch Meil, Seemeil
  • 1852,3 m – eng Meridianminutt
  • 1853,181 m – Tierkei
  • 1855,4 m – eng Äquatorminut
  • ca. 1900 m – arabesch Meil
  • 2065 m – Portugal
  • 2470 m – Sardinien, Piemont
  • 2622 m – Schottland
  • 2880 m – Irland
  • 3780 m – Flanderen
  • 4808 m – Schwäiz
  • 5532,5 m – Preisen (Landmeile)
  • 6277 m – Lëtzebuerg
  • 6280 m – Belsch
  • 6797 m – Sachsen (Landvermessermeile)
  • 7400 m – Holland
  • 7409 m – véier Meridianminutten
  • 7419 m – Hannover
  • 7420 m – Braunschweig
  • 7420,4 m – Bayern
  • 7420,439 m – geografesch Meil
  • 7421,6 m – véier Äquatorminutten
  • 7450 m – Hohenzollern, Württemberg
  • 7480 m – Béimen
  • 7500 m – Sachsen (kleine / neue Postmeile 1840)
  • 7530 m – Hamburg (Deutsche Landmeile)
  • 7532,48 m – Preisen
  • 7532,5 m – Dänemark (Ole Rømer)
  • 7586 m – Éisträich (Postmeile)
  • 7850 m – Rumänien
  • 8800 m – Schleswig-Holstein
  • 8888,89 m – Baden
  • 9062 m – Sachsen (mittlere Postmeile, 1722)
  • 9200 m – Kurfürstentum Hessen
  • 9261,4 m – fënnef Meridianminutten
  • 9277 m – fënnef Äquatorminutten
  • 10670 m – Finnland
  • 10692 m – Schweden (mil)
  • 11113,7 m – sechs Meridianminutten
  • 11132,4 m – sechs Äquatorminutten
  • 11299 m – Norwegen (miil)

Ähnlech Unitéiten:

Legua:
  • 5200 m – Bolivien
  • 5500 m – Portugal
  • 5510 m – Ecuador
  • 5570 m – Spuenien, Chile
  • 5600 m – Brasilien

Um Spaweck


Längteneenheeten

Myl Mil Meile Mile | Milla mejlo | Miil Mille (unité de longueur) Miglio (unità di misura) マイル Mijl | Mila Миля | Mile milja | Maili | Mil

 

This article is licensed under the GNU Free Documentation License. It uses material from the "Meil".

Home Pageartsbusinesscomputersgameshealthhospitalshomekids & teensnewsphysiciansrecreationreferenceregionalscienceshoppingsocietysportsworld