article

Als Mêlée oder Gemenge bezeechent een e Kampf bei deem vill Kämpfer jidderee géint jideree kämpfen. Dobäi si se op sou engem enke Raum, datt se keng Chance hu fir vill Taktik ze benotzen.

Mêlée am Mëttelalter


Op Rittertournoie gouf et Mêléeën als Wettkampfsport, ouni Schosswaffen a Päerd. Déi Leit déi matgemach hunn, hu sech dobäi soulaang bekämpft bis nëmme méi ee stoung. Dee war dann de Gewënner.

Wann eng real Schluecht aus dem Rudder gelaf ass, sou datt um Enn jidderee fir sech gekämpft huet, an net a senger Formatioun, gouf déi Schluecht zu enger Mêlée.

Mêlée a Rollespiller an a Computerspiller


De Begrëff Mêlée gëtt haut ähnlech wéi a senger ursprénglecher Bedeitung och a Rollespiller an a Computerspiller benotzt. Do kann et dann eng Massekläpperei vu Spiller oder Spillfigure sinn, oder méi allgemeng e Kampf op no Distanz an ouni Schosswaffen.

Mêlée am Sport


Am Rugby kann et no enger Spillënnerbriechung zu engem Gedrécks kommen, do heescht et da scrum oder scrummage.

Nahkampf | Mêlée | Broń biała | Холодное оружие | Orožje za boj z bližine

 

This article is licensed under the GNU Free Documentation License. It uses material from the "Mêlée".

Home Pageartsbusinesscomputersgameshealthhospitalshomekids & teensnewsphysiciansrecreationreferenceregionalscienceshoppingsocietysportsworld