E Lokal Area Network (ofgekierzt LAN) ass ee Computernetzwierk, dat Computeren a raimlech enker Noperschaft matenee verbënnt. Ursprénglech luch dëse raimlech begrenzte Beräich bei 1 km². E LAN erstreckt sech geographesch gesinn zunächst just iwwert e privaten Terrain, wéi zum Beispill vun enger Entreprise oder iwwert e Schoul- oder Universitéitscampus.
LANe si gréisser als Personal Area Networks, awer klenger als Metropolitan Area Networks, Wide Area Networks a Global Area Networks.
De Prinzip ass folgenden: Eng Noriicht, déi iwwert Kommunikatiounsnetz verschéckt gëtt, gëtt vun all de Computeren an der Domaine emfaang. D'Netzwierkkaart vun den eenzelne Computeren iwwerpréift un Hand vun hirer MAC-Adress an der Adress am Kappdeel vun der Noriicht, op dës fir si bestëmmt ass. Wa jo, verschafft se d'Noriicht weider, am anere Fall gëtt se einfach verworf.
Ënnert engem Broadcast versteet een d'Adresséiere vun enger Noriicht un all Computeren aus dem Netz.
D'Virdeeler vun dëser Struktur leien an der liichter, awer begrenzter Erweiderung vum LAN. D' Un- an d'Ofklemme vun engem Computer um Bus ka meeschtens während dem lafende Betrib vum Netz geschéien, ouni datt Iwwerdroungsfeeler passéieren. Wichtegsten Nodeel ass, datt beim Busausfall dat ganzt Netz blokéiert ass.
Déi wichtegst Technologie vun der Bustopologie ass Ethernet.
De gréissten Nodeel an der Ranktopolgie läit bei engem Kabelbroch oder dem Ausfall vun engem Computer, woubäi de ganze Rank dann ausfält. Duerch d'Benotzung vun enger redundanter Verkabelung léisst sech de Problem awer behiewen. Ee weideren Nodeel ass, datt d'Verzögerung vun der Noriichteniwwerdroung proportional zu de Computeren déi um Netz ugeschloss sinn ass, well jo all eenzelen Computer passéiert muss ginn. Als Virdeel gëtt ugesinn, datt de Verkabelungsopwand bei dëser Topologie minimal ass.
Token Ring a FDDI baséieren, op Grond vun den Nodeeler vun dëser Struktur, op enger modifiéierter Ranktopologie.
Well all d'Noriichten aus dem Netz iwwert dëse Punkt lafe mussen, ass den Hub enger grousser Belaaschtung ausgesat. Fält en aus, da läit d'ganzt Netz brooch. Een aneren Nodeel ass, datt de Verkabelungsopwand an dëser Struktur dach relativ héich ass, allerdéngs gëtt Netz bei engem Kabelbroch oder Computerausfall weider net mat a Leidenschaft gezunn.
Wichteg Technologië mat enger Stärtopologie sinn ATM a Wireless LAN.
LAN | Local Area Network | Local area network | LAN | Réseau local | רשת מקומית | Local area network | Local Area Network | Lokālais tīkls | Local Area Network | Lokalt datanett | Sieć lokalna | Rede local | Lähiverkko | LAN | Локальна мережа | 局域网
This article is licensed under the GNU Free Documentation License.
It uses material from the
"Local Area Network".
Home Page • arts • business • computers • games • health • hospitals • home • kids & teens • news • physicians • recreation• reference • regional • science • shopping • society • sports • world