Als Latäin resp. Laténgesch (lat. lingua Latina) bezeechent een déi Sprooch, déi ursprénglech vum Volleksstamm vun de Latiner geschwat gouf, déi och der Regioun Latium mat Roum als Zentrum hiren Numm ginn hunn. Latäi gehéiert domadder zu den italesche Sproochen, déi zu den Centum-Sprooche gehéieren, déi hirersäits zur indogermanescher resp. indoeuropäescher Sproochfamill gezielt ginn. Dat Laténgescht stellt d'Grondlag fir all heiteg romanesch Sproochen duer.
Hei am Land huet een zum Schluss vun der Septième d'orientation, dem éischte Joer am Lycée classique, d'Méiglechkeet tëscht der klassecher Sektioun (Latäin) an der moderner Sektioun (Englesch) ze wielen. An deenen éischten dräi Joer Latäin gëtt Grammatik gemaach, mee och scho vill iwwersaat. Op 3ième kann ee, wann ee wëll, nach viru maache mam Latäin. An deenen dräi folgende Jore gëtt bal nëmmen nach iwwersat, a Grammatik sou gutt wéi keng méi gemaach. Währenddeems een am Engleschen éischter alldeeglech Situatiounen an di do derbäi passend Dialoger léiert, gëtt engem op der klassecher Sektioun d'Latäi mat Hëllef vun Texter iwwert d'Réimesch Geschicht bäibruecht.
Wann ee Latäi léiert, gëtt engem domat och automatesch am Franséiche gehollef, sou wéi an deenen aneren romanesche Sproochen. Dacks kann een och erausfanne wat e Wuert heescht, ouni Dictionnaire, mee mat Hëllef vun der Etymologie.
Latyn | Latein | لغة لاتينية | Llatín | Bahasa Latin | Bahasa Latin | Latin-gí | Basa Latin | Лацінская мова | Latinski jezik | Latin | Латински език | Llatí | Latina | Lladin | Latin | Latein | Λατινική γλώσσα | Latin | Latín | Latina lingvo | Ladina keel | Latin | زبان لاتین | Latin | Latynsk | Lenghe latine | Laidin | Lingua latina | לטינית | लातिनी | Latinski jezik | Lingua latin | Латинаг æвзаг | Latína | Lingua latina | ラテン語 | ლათინური ენა | Latin | Kilatini | 라틴어 | Lingua Latina | Latīņu valoda | Lotynų kalba | Latien | Latin nyelv | Латински јазик | Latien | Latijn | Latin | Latin | Latîn | Latin | Latiensche Spraak | Łacina | Latim | Limba latină | Латинский язык | Limba latina | Gjuha Latine | Lingua latina | Latin language | Latinčina | Latinščina | Латински језик | Latinski jezik | Latina | Latin | Wikang Latin | ภาษาละติน | Latinh | Latince | Латинська мова | 拉丁語 | 拉丁语