Lëtzebuerg ass eng vun den 116 lëtzebuergesche Gemengen, eng vun den 12 lëtzebuerger Stied an d'Haaptstad vum Land mam selwechten Numm.
D'Quartierën an der sougenannter Ënnerstad sinn de Gronn, Clausen an de Pafendall. No Westen hin erstreckt sech hannert dem Stadpark, deen op der Plaz vun de Festungsmaueren ugeluecht gouf, e Plateau, deen iwwert de Glacis an de Lampertsbierg iwwergeet.
Weider westlech kënnt een an de Quartier Belair, Märel an a süd-westlecher Richtung leien Hollerech an Zéisseng . No Süden, déisäit dem Péitrussdall, dee vun der Adolphe-Bréck an der Passerelle iwwerspaant gëtt, leien d'Quartierë Gare a Bouneweg.
Weider südlech leie Gaasperech an den Houwald. Östlech vum Zentrum, déisäit der Uelzecht, ass de Plateau vum Kierchbierg, och Europäesche Quartier genannt. E bësse méi südlech dovunner leien d'Neiduerf, den Zens an Hamm. Am Norden leien, dem Laf vun der Uelzecht no, Eech, Weimerskierch, Dummeldeng a Beggen.
Haaptstad | Stad Lëtzebuerg | Lëtzebuerger Stied | Lëtzebuerger Gemengen | Lëtzebuerger Uertschaften
Luxemburg (stad) | لوكسمبورغ (مدينة) | Kota Luxemburg | Люксэмбург (горад) | Lucemburk | Luxembourg (by) | Luxemburg (Stadt) | Luxembourg (city) | Ciudad de Luxemburgo | Luksemburgo (urbo) | Luxembourg (ville) | לוקסמבורג (עיר) | Luxembourg | Luxemburg | Lussemburgo (città) | ルクセンブルク (市) | Luksembùrg | 룩셈부르크 시 | Luksemburga (pilsēta) | Liuksemburgas (miestas) | Luxembourg | Luxemburg (stad) | Luxembourg (by) | Luksemburg (miasto) | Luxemburgo (cidade) | Luxemburg (oraş) | Люксембург (город) | Luxemburg | Луксембург (град) | Луксембург (град) | Luxemburg (kaupunki) | Luxemburg (stad) | Люксембург (місто) | Lussimbork veye
This article is licensed under the GNU Free Documentation License.
It uses material from the
"Lëtzebuerg (Stad)".
Home Page • arts • business • computers • games • health • hospitals • home • kids & teens • news • physicians • recreation• reference • regional • science • shopping • society • sports • world