article

Dës Säit ass iwwer de Grand-Duché - d'Lëtzebuerger Land. Kuckt och: Lëtzebuerg (Stad) - Lëtzebuerg (Provënz)


D'Groussherzogtum Lëtzebuerg ass e Land an Europa, dat tëschent Däitschland, der Belsch a Frankräich läit. Et huet ronn 450.000 Awunner. Lëtzebuerg ass Member vun der UEBL, dem Benelux, der Europäescher Unioun, der OECD an der NATO.

Geschicht


Am Joer 963, op Pällemsonndeg, huet den Ardennergrof Siegfried mam Klouschter Sankt Maximin vun Tréier Lännereien zu Feelen géint de Bock, op dem e Kastell mam Numm „Lucilinburhuc“ stung, getosch.

Ronn 500 Joer laang war Lëtzebuerg dunn eng onofhängeg Grofschaft (vun 1354 un: Herzogtum), bis datt 1437 d'Haus Lëtzebuerg ausstierft an d'Land en Deel vun der Bourgogne gëtt, a kuerz dono vun de südlechen Néierlanden, deenen hir Hären a Meeschtern et och deelt (dorënner Frankräich, Spuenien an Éisträich). Während deene ronn 400 Joer Friemherrschaft gouf Lëtzebuerg och eng éischte Kéier gedeelt, an zwar 1659 duerch den Traité vun de Pyrenäen.

Um Wiener Kongress 1815 gouf Lëtzebuerg vun den europäesche Groussmächt zum "onofhängege" Groussherzogtum ernannt, mee et huet Gebidder u Preisen missen oftrieden. Den hollännesche Kinnek Wëllem I. gëtt och Groussherzog vu Lëtzebuerg. 1839, néng Joer no der Grënnung vun der Belsch, gëtt déi heiteg Provënz Lëtzebuerg der Belsch zougedeelt. 1848 kritt Lëtzebuerg seng éischt eege Constitutioun, déi eng vun deen deemols liberalste war, mee dem Vollek dofir awer och net laang gegonnt war. 1867, fir e Krich tëschent Preisen a Frankräich ze verhënneren, gëtt zu London Lëtzebuerg als fir ëmmer neutral an onofhängeg erkläert. 1890 huet dat hollänescht Herrscherhaus vun Oranien-Nassau kee männlechen Nokomme fir op de lëtzebuergeschen Troun, an esou kritt d'Land säin "eegent" Herrscherhaus (dat vun Nassau-Weilburg).

D'éiweg Neutralitéit hënnert 1914-1918 a 1940-1944/45 d'Däitscht Räich net dorunner, Lëtzebuerg am Éischten an am Zweete Weltkrich ze besetzen. Am Zweete Weltkrich gëtt Lëtzebuerg de facto wéi e Reichsgebiet behandelt. Am Ufank mat schéi Schwätzen, dono mat Terror, probéieren d'Besatzer, d'Lëtzebuerger dovunner z'iwwerzeegen, datt si Heim ins Reich gehéieren. Vun 1942 u mussen d'Lëtzebuerger an d'Wehrmacht. 1944/45 gëtt den Norde vum Land wärend der Ardennenoffensiv uerg zerstéiert.

Nom Krich gëtt Lëtzebuerg seng Neutalitéit op a gëtt Member vun enger Rëtsch supranationalen Organisatiounen.

Kuckt och den Artikel: Geschicht vu Lëtzebuerg

Politik


Lëtzebuerg ass eng repräsentativ Demokratie, a Form vun enger konstitutionneller Monarchie mat engem Groussherzog als Chef vum Land.

Kuckt och den Artikel: Politesche System vu Lëtzebuerg

D'Sprooch


Déi offiziell Sproochen zu Lëtzebuerg si: Lëtzebuergesch, Franséisch an Däitsch. Ausserdeem gëtt nach Englesch vu ville Leit geschwat.

Distrikter a Kantoner


Lëtzebuerg ass an dräi Verwaltungsdistrikter agedeelt:

Lëtzebuerg ass an zwielef Kantonen agedeelt:

Kuckt och d'Lëscht vun den Distrikter a Kantonen

Geographie


Kuckt den Artikel: Geographie vu Lëtzebuerg

Geologie


Economie


Zu den Haaptentreprisen zu Lëtzebuerg zielen (klasséiert no der Zuel vun hiren Employéen): Arcelor, Goodyear, Groupe Cactus, CFL, Fortis-BGL, Dexia, Luxair, Pedus Service, BCEE, Groupe Guardian, Du Pont de Nemours, Kredietbank, Groupe Courthéoux-Match, Cargolux, Groupe Saint-Paul, TDK Recording Media Europe, Brink's Security Luxembourg, ING, Groupe Céramétal, Villeroy & Boch, BNP Paribas Luxembourg, Auchan Luxembourg.

Demographie


Kuckt den Artikel: Demographie vu Lëtzebuerg

Kultur


2007 ass Lëtzebuerg erëm Kulturhaaptstad vun Europa.

Kuckt den Artikel: Kultur zu Lëtzebuerg

Audiovisuel


Lëtzebuerg huet an deene leschte Joerzéngte seng Plaz am Audiovisuelle fonnt . Et bestinn ongeféier 40 Produktiounsfirmen am Land.

Den Numm "Lëtzebuerg" an anere Sproochen


Linken


Kuckt och

Um Spaweck


Lëtzebuerg

Luxemburg | Luxemburg | Letseburh | لوكسمبورغ | Lusemburgo | Luxemburgu | Luxemburg | Luxembourg | Luxembourg | Люксэмбург | Люксембург | Luxemburg | Lucembursko | Lwcsembwrg | Luxembourg | Luxemburg | ލަޒަންބާ | Λουξεμβούργο | Luxembourg | Luxemburgo | Luksemburgio | Luksemburg | Luxenburg | لوکزامبورگ | Luxembourg (pays) | Lúksemboarch | Lucsamburg | Lucsamburg | Luxemburgo - Lëtzebuerg | לוקסמבורג | लक्सेम्बर्ग | Luksemburg | Luxemburgia | Luxemburg | Люксембург (паддзахад) | Lúxemborg | Lussemburgo | ルクセンブルク | ლუქსემბურგი (ქვეყანა) | Luksembùrskô | Lushaborg | 룩셈부르크 | Luksemburg | Luxemburgum | Luksemburga (valsts) | Liuksemburgas | Luxemburg (land) | Luxemburg | Луксембург | Luxemburg (laand) | Luxemburg (land) | Luxembourg | Luxembourg | Luxemborg | ليۇكسېمبۇرگ | Luxemborg | Luksemburg (państwo) | Luxemburgo | Luxemburg | Luxemburg | Люксембург (государство) | Lussemburgu | Luksemburgu | Luxembourg | Luxembursko | Luksemburg | Луксембург | Luksemburg | Luxemburg | Luxemburg | Luxembourg | ประเทศลักเซมเบิร์ก | Luxembourg | Lüksemburg | Люксембург | Grande-Dutcheye do Lussimbork | 卢森堡

 

This article is licensed under the GNU Free Documentation License. It uses material from the "Lëtzebuerg (Land)".

Home Pageartsbusinesscomputersgameshealthhospitalshomekids & teensnewsphysiciansrecreationreferenceregionalscienceshoppingsocietysportsworld