D'Kornischong (Cucumis sativus) as eng Aart aus der Famill vun de Kürbisgewächser an och hir gréng fest Bierefruucht déi een iesse kann. Wéi all Bierefriichten gët se hire Som eréischt fräi, wann d'Fruuchtfleesch vergeet. Si besteet bis zu 97 Prozent aus Waasser. Mat 9,7 kcal pro 100 g gëllt se als kalorienaarm.
Si ass aus enger fleescheger Bierefruucht mat eeförmegen, platte Somkären.
Geschicht
D'Kürbisgewächs huet seng Originnen an
Ostindien. Do gouf et schonn am 3. Joerhonnert viru Christus ugebaut. Et war schonn den ale
Griichen an de
Réimer bekannt.
Verwendung
Kornischonge kann ee réi iessen. Sie kënnen duerch
Mëllechsaiergärung als
Concomberen (richteg
Sauer Kornischongen) oder mat Esseg agekacht als
Essegkornischongen oder Gewürzkornischonge konservéiert ginn.
Inhaltsstoffer
Kornichongen hunn en héijen Gehalt un
Vitamin K an un
Kalium,
Zënk a
Mangan.
Gesondheetswäert
Cornichonge solle kill gelagert ginn a kënnen esou bis zu e puer Deeg gelagert ginn. Wa méiglech soll en se net schielen, well di meeschte Vitaminnen a Mineralstoffer just ënnert der Schuel leien. D´Schuel soll dohier och net chemesch behandelt ginn.
Kürbisplanzen | Geméis | خيار | Agurk | Gurke | Cucumber | Pepino | Kukumo | Concombre | מלפפון | キュウリ | Komkommer | Ogórek | Kumarica | Gurka