article

Déi Koordinéiert Weltzäit, kuerz UTC, ass d'Referenzzäit, déi fir déi ganz Welt déiselwecht ass a vun deer all d'Zäiten an deene verschiddenen Zäitzone vun der Welt ofgeleet ginn.

UTC gëtt zwar international als Ofkierzung gebraucht, mee et entsprécht weder deem englesche Begrëff "Coordinated Universal Time" nach deem franséische Begrëff "Temps Universel Coordonné" an ass als Zort Kompromëss tëscht deenen zwou Expressiounen unzegesinn.

Fréier war d'Greenwich Mean Time (GMT) d'Referenzzäit. Si gouf 1926 a Universal Time (UT) ëmbenannt, fir deemolege Konfusioune wat de richtege Gebrauch ugeet ze entgoen. Si gëtt bestëmmt duerch astronomesch Beobachtungen um Observatium vu Greenwich, mat deene sech d'Äerdrotatiounszäit bestëmme léisst.

Nodeems datt awer 1967 d'Definitioun vun der Sekonn als Zäiteenheet net méi vun astronomesche Beobachtunge mee vun enger Atomauer ofgeleet gëtt, ass 1972 och d'Referenzzäit mat deer Atomzäit synchroniséiert ginn. D'UTC ass entstanen. Well d'Atomzäit an doduercher d'UTC awer net genee der Äerdrotatiounszäit UT1 entsprécht, op déi et u sech eleng ukënnt an déi dofir och an de Geowëssenschaften an an der Astrometrie gebraucht gëtt, muss all 1-3 Joer bäi der UTC eng Schaltsekonn agefügt ginn, fir datt d'Differenz tëscht UTC an UT1 ni méi grouss wéi 0,9 Sekonne gëtt.

D'Koordinatioun vun der Weltzäit ass d'Aufgab vum Internationale Büro fir Gewiichter a Moossen (BIPM).

Lëtzebuerg läit an der Wanterzäit op UTC+1 an an der Summerzäit op UTC+2, d.h. datt dem Land seng Zäitzon eng respektiv zwou Stonne virun der Referenzzäit läit. Esou ass et z.B. mat enger UTC vu 14:00 zu Lëtzebuerg am Summer scho 16:00.

Kuckt och


Zäit

Координирано универсално време | UTC | UTC | Koordinierte Weltzeit | UTC | Coordinated Universal Time | Tiempo Universal Coordinado | UTC | Temps universel coordonné | UTC | UTC | Tempo coordinato universale | 協定世界時 | Coordinated Universal Time | UTC | UTC | Tempo Universal Coordenado | Ora universală coordonată | Универсальное координированное время | Coordinated Universal Time | Univerzalni koordinirani čas | Coordinated Universal Time | Універсальний координований час | Giờ phối hợp quốc tế | 协调世界时

 

This article is licensed under the GNU Free Documentation License. It uses material from the "Koordinéiert Weltzäit".

Home Pageartsbusinesscomputersgameshealthhospitalshomekids & teensnewsphysiciansrecreationreferenceregionalscienceshoppingsocietysportsworld