Bis an d'18. Joerhonnert gehéiert d
An der zweeter Halschent vum 18. an am 19. Joerhonnert gëtt d'Konschtdiskussioun hiert aalt Themefeld op a fänkt un, d'Qualitéite vu Biller, Skulpturen an Architektur, grad ewéi vu Literatur a Musek als kënschtlerech am eigentleche Sënn vum Wuert ze diskutéieren. All déi nei Theme gi verbonnen duerch d'Diskussioun vun der Ästhetik (als Diskussioun vun de Qualitéite vun alle Konschtwierker).
Dës Entwécklung spréngt op deeselweschten Zuch op, mat deem deemols och d'Literaturdiskussioun – bis dohinn d'Diskussioun vu wëssenschaftleche Wierker – hirt Rezensiounswiesen ëmgestalt, fir Romaner, Dramen a Gedichter zu Literatur am neie Wuertsënn ze maachen. Wéinst dem Bestriewen, esou e grousst Publikum wéi nëmme méiglech unzeschwätzen, gëtt d'Debattefeld op Biller a Skulpture verengt, also op Géigestänn, déi vill méi breet a méi fräi diskutéiert kënne ginn — eng Entwécklung, déi de Journalsmoart vum 18. Joerhonnert virausgesat huet, e breet Rezensiounswiesen, an déi duerch d'Fërderung vun de Nationalstaten vum 19. Joerhonnert hiren Duerchbroch fonnt huet, déi hei nei säkulär Bildungsgéigestänn gewonnen hunn.
D'Debatt ëm de Konschtbegrëff als Ausdrock vun der Fro Wat ass Konscht? huet sech an der Konschtgeschicht an an deene veschiddene Kulturen ëmmer erëm geännert. D
Vum 18. bis an d'19. Joerhonnert huet d'Konschtdebatt hiert Thema gewiesselt, d'Feld vun der Ästhetik huet sech erweidert, z.B. och op dat Ellent, an den handwierklechen Aspekt ass ëmmer méi an den Hannergrond geroden.
De ganz wäit gefaasste Konschtbegrëff vun haut begräift eng Abberzuel vu mënschlechen Ausdrocks- an Handlungsméiglechkeeten mat an. Am méi enke Sënn sinn et déi Elementer vun der mënschlecher Kultur, déi net primär duerch hier Zweckméissegkeet, mee duerch hier Ästhetik e Wert fir d'Mënschen hunn.
فن | Arte | Arte | Seni | Seni | Мастацтва | Umjetnost | Arz | Изкуство | Art | Umění | Arte | Kunst | Kunst | Τέχνη | Art | Arte | Arto | Kunst | Arte | هنر | Art | Keunst | Art | Ealaín | Arte | אמנות | कला | Umjetnost | Arto | Arte | Аивад | Arte | 芸術 | ხელოვნება | Art | Usanifu | 예술 | Huner | Arte | Ars | Menas | Kuns | Művészet | Уметност | Toi | Toltecayotl | Arte | Kunst | Kunst | Kunst | سەنئەت | Kunst | Sztuka | Arte | Artă | Искусство | Arti | Arti | Art | Umenie | Umetnost | Уметност | Umetnost | Taide | Konst | ศิลปะ | Nghệ thuật | Sanat | קונסט | 艺术 | Mens