Eng Kalorie (lat. calor - "Wäermt"; Ofkierzung: cal) ass eng zënter dem 1. Januar 1978 net méi zougeloosse Moosseenheet fir d'Energie. D'Kalorie ass duerch d'Moosseenheet Joule ofgeléist ginn. Trotz dem internationalen a wëssenschaftlechen Numm vun dëser neier Moosseenheet Joule, konnt se sech awer net am normale Sproochgebrauch duerchsetzen. Esou gëtt den Energiegehalt vun de Liewensmëttel weiderhin a Kalorien oder Kilokalorien uginn.
Eng Kalorie ass déi Energie déi gebraucht gëtt fir 1 ml Waasser vun 14,5 ° Celsius op 15,5 ° ze erwiermen.
Eng Kalorie = 4,184 Joule.
Eng Kilokalorie (Ofkierzung: kcal) huet 1000 Kalorien, wat 4184 Joule entsprécht.
Moosseenheeten | Iessen an Drénken
Kalori | Kalorija | Caloria | Kalorie | Kalorie | Kalorie | Calorie | Caloría | Kalorio | Calorie | Caloría | קלוריה | Caloria | カロリー | 칼로리 | Kalorija | Calorie | Kalori | Kaloria | Caloria | Калория | Kalorija | Kalori | Kalori | Ca-lo | Kalori | 卡路里