Den John Howard Carpenter ass den 16. Januar 1948 zu New York gebuer an ass en amerikanesche Regisseur, Dréibuchauteur, Produzent, Schauspiller, a Filmmusek-Komponist. En ass zu Carthage gebuer, an a Bowling Green (Kentucky) opgewuess. Schonn a jonke Joeren huet hien ugefaange sech fir de Film ze interesséieren.
D'Leidenschaft fir d'Musek hat hie vu sengem Papp, de Museker war. Bei bal all vu senge Filmer huet hien d'Filmmusek selwer komponéiert.
Mat véierzéng Joer huet hien dunn ugefange seng éischt Kuerzfilmer ze dréien. Fir d'éischt studéiert hien op der Western Kentucky Universitéit. Duerno geet hien op Filmschoul op d'Universitéit vu Südkalifornien, wou hien op der Sektioun Kino war. Do schonn huet hie säin éischten offizielle Kuerzfilm The Resurrection of Broncho Billy gedréint. Dëse Film huet him säin éischten Oscar fir Kuerzfilm abruecht. Net laang drop, an den John Carpenter gëtt als Meeschter vum Grujelfilm ugesinn.
Vun 1979 bis 1984 war e mat der Schauspillerin Adrienne Barbeau bestuet an huet sech eng zweete Kéier 1990 mat der Produzentin Sandy King bestuet.
Filmregisseuren | Schauspiller | Filmproduzenten | Dréibuchauteuren | Komponisten
John Carpenter | John Carpenter | John Carpenter | John Carpenter | John Carpenter | ジョン・カーペンター | John Carpenter | John Carpenter | John Carpenter | John Carpenter
This article is licensed under the GNU Free Documentation License.
It uses material from the
"John Carpenter".
Home Page • arts • business • computers • games • health • hospitals • home • kids & teens • news • physicians • recreation• reference • regional • science • shopping • society • sports • world