article

De Jean Parisot de La Valette, gebuer 1494 am Schlass vu Labro zu Parisot, a gestuerwen den 21. August 1568 zu Valletta op Malta, war e Groussmeeschter vum Souveräne Malteseruerden.

De Jean Parisot de La Valette entstaamt enger aler Famill vun Toulouse. 1557 gouf hien zum 49. Groussmeeschter vun de Malteser gewielt, e Posten, deen hie bis zu sengem Doud hat.

Hien huet sech 1565 e grousse Numm gemaach, wéi e bei der Belagerung vu Malta dem Suleiman II. mat senge 40.000 Männer an iwwer 200 Schëffer de Bass gehalen huet, an esou d'Tierken heemgeschéckt huet. Duerno huet hien d'Festung weider ausbaue gelooss an 1566 huet en d'Stad Valletta gegrënnt, déi säi Numm dréit.

Kuckt och


Geschicht vu Malta

Jean Parisot de la Valette | Jean Parisot de la Valette | ז'ן דה לה ולט | Jean de la Valette

 

This article is licensed under the GNU Free Documentation License. It uses material from the "Jean Parisot de La Valette".

Home Pageartsbusinesscomputersgameshealthhospitalshomekids & teensnewsphysiciansrecreationreferenceregionalscienceshoppingsocietysportsworld