article Related Topics:
Internet :: Internet_Crime :: Internet_Fax :: Internet_Sales :: Internetové_obchody :: Internet_Phone :: Internet_Linking :: Internet_Tax :: Internet_Appliances :: Internet_Backbone
 

D'Internet (Ofkierzung fir Interconnected Networks) déngt der Kommunikatioun an dem Austausch vun Informatioun. Et ass eng weltwäit Verbannung vu verschiddene Computernetzwierker, déi op de verschiddensten Technologië berouen. Dëst Netz vun Netzer kënnt dem Benotzer awer mat Hëllef vun enger komplexer Internet-Software, déi all Detailer verstoppt, als eenheetlecht homogent Netz vir. Aus deem Gronn gëtt och dacks vun engem virtuellen Netz geschwat.

Iertëmmlecherweis gëtt d'Wuert "Internet" oft als Synonym fir de World Wide Web genotzt, deen awer just ee vu ville Servicer vum Internet ass.

Gebuertsstonn vum Internet


Gebuertsstonn vum Internet geet zréck op 1969, wéi véier amerikanesch Universitéiten (Stanford, Santa Barbara, Los Angeles an Utha) matenee vernetzt goufen. Dëst Netz wor ënnert dem Numm ARPANET bekannt a gouf vun der Advanced Research Projet Agency (ARPA) vum amerikaneschem Verdeedegungsministère ënnerstëtzt. D'ursprénglecht Zil vum Projet stoung am Hannergrond vum Kale Krich, fir ee verdeelte Kommunikatiounssystem opzebauen, dat am Fall vun engem Atomkrich eng Kommunikatioun ouni Stéierungen erlabe géif. D'ARPANET ass séier gewuess a gouf schonns gläich drop an ee militärescht genotzten a wëssenschaftlecht, zivilt genotzte Netz opgedeelt. Nodeems 1983 dunn d'ARPANET op d'TCP/IP Protokollfamill adaptéiert ginn ass, huet lues a lues sech och den Numm Internet duerchgesat.

Zënter ufanks den 1990er Joeren, huet awer de World Wide Web an déi éischt einfach benotzbar graphesch Webbrowseren dem Internet zu sengem risegem Erfolleg a weltwäiter Verbreedung verhollef.

Opbau a Funktiounsweis vum Internet


Vernetzung

Computere loosse sech zu Netzwierker zesummeschléissen. Esou Netzer sinn ënner anerem:
  • Firmenetzwierker, iwwer déi d'Computeren aus enger Firma verbonne sinn,
  • Providernetzwierker, un deenen d'Computere vun de Clientë vun engem Internet-Provider ugeschloss sinn oder
  • Universitéitsnetzwierker.
Dës Netzwierker ginn no hirer raimlecher Ausdehnung klassifizéiert:
  • Lokal Netzer (Local Area Networks, LAN) gi just iwwert kleng Distanzen a sinn an der Regel privat Netzer. Si hunn eng symmetresch Struktur a baséieren allgemeng um Broadcasting-Prinzip. Wichteg Technologien am LAN-Beräich sinn Ethernet oder zum Beispill Token Ring.
  • Wäitverkéiersnetzer (Wide Area Networks, WAN) iwwerbrécke gréisser Distanzen a sinn allgemeng op Netzwierkbedreiwer ugewisen. Si besëtze meeschtens eng irregulär Struktur a baséieren op der Store-and-Forward Switching Method. Vertrieder am WAN-Beräich sinn zum Beispill ATM oder ISDN.
Gi verschidden Netzer zesummegeschalt, esou entsteet een Internet. Zesummeschalte vun Netzer weltwäit bezeechent een dann als d'Internet. Dës Zesummeschaltung geschitt iwwert Vermëttelungscomputeren oder Routeren genannt. Si hunn un Hand vun enger eendeiteger Adress ze décidéieren iwwert wat fir ee Wee eng Noriicht weidergeleet gëtt.

Pakvermëttelung

Allgemeng gëtt eng Noriicht a Päck vun enger bestëmmte Gréisst opgedeelt (Fragmentéierung), déi dann eenzel an onofhängeg vun eneen iwwert d'Netz transportéiert ginn. Dobäi kënnen dës Päck iwwer ganz verschidde Weeër zum Destinataire geroden, deen dann Noriicht nees muss zesumme setzen. Sou huet all Benotzer ee gläichfairen Zougrëff op d'Netz an d'ass eng héich Ausfallsécherheet garantéiert. Duerch d'Verschécke vu klenge Päck kënnen Iwwerdroungsfeeler séier erkannt ginn a bei Bedarf musse just déi feelerhaft Päck nei verschéckt ginn.

Internetworking

Déi héich komplizéiert Technologie, déi et fäerdeg bréngt fir déi verschiddenst Hardware-Technologië a Prinzipie mateneen ze verbannen, datt eng Noriicht iwwerdroe ka ginn, gëtt als Internetworking bezeechent a baséiert op enger Rei vu Kommunikatiounsprotokollen. Dës Protokoller bauen op enger Partie vu streng festgeluegte Regelen op a ginn no engem Schichtemodell kassifizéiert. All Schicht aus dësem Modell adresséiert ee bestëmmtent Deelproblem vun der Kommunikatioun. Am Internet schwätzt ee vum TCP/IP-Protokollstapel.

E puer Internetservicer


Service Protokoll Protokoll-Beschreiwung
Nummopléisung Domain Name Service (DNS) Déngt zur Opléisung vun Nimm (z.B. lb.wikipedia.org) an IP-Adressen
World Wide Web (WWW) Hypertext Transfer Protocol (HTTP) Déngt zur Iwwerdroung vu Websäiten
Elektronesch Post (E-Mail) Simple Mail Transfer Protocol (SMTP),
Post Office Protocol (POP)
Interactive Mail Access Protocol (IMAP)
Déngt zum Verschécken an empfänke vun elektronesche Bréiwer
Dateitransfer File Transfer Protocol (FTP) Déngt zur Iwwerdroung vun Dateien
Remote Login Telecommunications Network Protocol (Telnet)
Secure Shell (SSH)
Déngt zur Benotzung vu Computeren aus wäiter Distanz

Literatur


Computernetzwierk | Internet

Internet | ድኅረ ገጽ መረብ | إنترنت | Internet | İnternet | Internet | Internet | ইন্টারনেট | Internét | Інтэрнэт | Internet | Internet | Интернет | Internet | Internet | Rhyngrwyd | Internet | Internet | Διαδίκτυο | Internet | Internet | Interreto | Internet | Internet | اینترنت | Internet | Ynternet | Internet | Idirlíon | Internet | אינטרנט | इंटरनेट | Internet | Internet | Internet | ᖃᕆᓴᐅᔭᒃᑯᑦ ᑎᑎᕋᖅᓯᒪᔪᑦ | Интернет | Internetið | Internet | インターネット | ಅಂತರ ಜಾಲ | ინტერნეტი | Internet | Интернет | Intaneti | 인터넷 | Înternet | Interrete | Internets | Internetas | Internet | Internet | Интернет | Internet | Internett | Internett | Enternette | ئخەلقارالىق تور | Internet | Internet | Internet | Internet | Internet | Internet | Интернет | आन्तरजालम् | Internet | Internet | Internet | Medmrežje | Internet | Интернет | Internet | Internet | Internet | Internet | இணையம் | Päräwez | อินเทอร์เน็ต | Internet | Intanet | Internet (özel isim) | Інтернет | شبکہ | Vüresod | Internet | Daegntoele | אינטערנעט | 互聯網 | 互联网

 

This article is licensed under the GNU Free Documentation License. It uses material from the "Internet".

Home Pageartsbusinesscomputersgameshealthhospitalshomekids & teensnewsphysiciansrecreationreferenceregionalscienceshoppingsocietysportsworld