iLife si 5 Programmer vun Apple fir Mac OS 10.2 oder méi nei. Den iLife ass bekannt fir déi einfach a séier Aart a Weis fir dermatt ze schaffen.
Am Package sinn derbei: den iMovie, fir selwer Filmer um Mac, z.B. vun der Vakanz, ze importéieren, ze schneiden an dann op DVD ze brennen, matt Hëllef vum iDVD, deen och derbei ass. Dann ass nach den iPhoto derbei, mat deem ee seng digital Fotoen bequem importéire kann an dann Diashows, Fotoalben,... maache kann. Fir Musek selwer um Computer ze maachen ass de Garage Band derbei, mat deem ee schonn installéiert Loopen einfach zesummesetze kann oder awer och Musek an de Computer eraspille kann.
Ganz nei beim iLife '06 ass den iWeb, mat ee séier eng Internetsäit schafe kann.
ILife | ILife | ILife | ILife | ILife | ILife | ILife | Apple iLife | ILife | ILife | ILife | ILife | ILife