article

D' Hydrologie (v. griich. hydros „Waasser“ a logos „Léier“) ass d'Wëssenschaft vum Waasser, vu sénger räimlecher an zäitlecher Verdeelung an der Äerdatmosphär an op an ënnert der Äerdiwwerfläch, esou wéi denen domadder zesummenhängenden biologeschen, chemeschen a physikaleschen Eegenschaften a Wirkungen vum Waasser.

Si gëtt sëch mat den Zusammenhäng a Wiesselwierkungen vun denen ënnerschiddlechen Formen vum Waasser, séngem Kreeslaaf, sénger Verdeelung op der Landiwwerfläch an däre Verännerungen duerch anthropogen Beaflossung of.

Di klassesch Andeelung vun der Hydrologie ass d'Ozeanologie (Mier), Limnologie (Waasser um Festland) mat der Potamologie (Waasserleef) an d'Hydrometrie (hydrologescht Mieswiesen).

Ähnlech Fachgebidder sinn: Hydrogeographie (räimlech Verdeelung vum Waasser), Hydrogeologie (geochemesch Wiesselwierkungen vu Gestengs), d'Hydromorphologie, d'Waasserchimie, d'Klimatologie an d'Glaziologie.

Waasser | Hydrologie

Hidrologi | Hidrologija | Хидрология | Hidrologia | Hydrologie | Hydrologi | Hydrologie | Hydrology | Hidrología | Hüdroloogia | Hydrologie | הידרולוגיה | Hidrologija | 水文学 | Hidrologija | Hidrológia | Hydrologie | Hydrologi | Hydrologia | Hidrologia | Гидрология | Hidrologija | Хидрологија | Hydrologia | Hydrologi | Hidroloji | 水文学

 

This article is licensed under the GNU Free Documentation License. It uses material from the "Hydrologie".

Home Pageartsbusinesscomputersgameshealthhospitalshomekids & teensnewsphysiciansrecreationreferenceregionalscienceshoppingsocietysportsworld