article

Hollywood ass ee Quartier vun der amerikanescher Stad Los Angeles (Kalifornien), ëstlech vun der Vermont Avenue bis zum Laurel Canyon Boulevard iwwert de Sunset Boulevard an de Crescent Heights Boulevard westlech; vu Norden no Süden vum Mulholland Drive zur Melrose Avenue. Zu Hollywood wunnen eng Ronn 300.000 Leit.

Geschicht


1853 stung nëmmen eng Lehmhütt op där Plaaz déi mir haut Hollywood nennen. Géint 1870 loossen sech eng Rei Baueren hei nidder. An den 1880er Joeren ass den Harvey Henderson Wilcox mat sénger Fra Daeida vun Topeka op Los Angeles geplënnert. 1886 keeft hien 160 Ar Land westlech vun der Staadt.

Den Numm Hollywood kënnt duerch dem Wilcox séng Fra, d'Daeida. Bei enger Zuchrees huet d'Daeida eng Fra kennegeléiert, déi vun hiirer Heemécht an Ohio geschwaat huet, an dës Hollywood genannt huet. Dem Daeida huet dee Klang vum Wuert esou gudd gefall datt hatt séngem Mann séng Ranch a Südkalifornien och Hollywood gedeeft huet.

De Wilcox huet schnell e Plang fir d'Staadt gezeechent deen en den 1. Februar 1887 beim County Recorder's Office oofgëtt. Dëst ass dann och déi éischt offiziell Ernimmung vum Numm Hollywood. Mat sénger Fra als konstanten Berooder huet hien d'Prospect Avenue gegruewen (haut: Hollywood Boulevard), als Haaptstrooss. Doropshin huet hien dann och ugefaangen Land ze verkaafen. D'Daeida huet Suë gesammelt an zwou Kiirchen, eng Bibliothéik an eng Schoul baue gelooss.

Em 1900 haat Hollywood dann och eng Post, eng Zeitung, en Hotel an zwee Märt, bei enger Awunnerzuel vun 500 Leit. Los Angeles mat 100.000 Leit lung 7 Meilen östlech. En Tram ass op der Prospect Avenue verlaaf mee dëse Service wor alles anescht wéi zouverlässeg an een Trip huet ganzer zwou Stonne gedauert.

Den éischten Deel vum berühmten Hollywood Hotel gouf 1902 opgemaach an d'Prospect Avenue kruut Pavé.

1903 gouf Hollywood eng Municipalitéit. Ennert den Gesetzer gouf ët ënnert anerem eent waat d'Verkaafen vun Likör verbueden huet, als eenzeg Ausnahm duerft den Aptikter dëst. Ausserdem wor ët verbueden d'Véih duerch d'Stroossen ze dreiwen, wann d'Herd méi grouss wéi 200 Déiere wor.

Wéi ët 1910 zu engem Waassermangel wéinst inadequater Versuergung koum, gouf oofgestëmmt datt Hollywood zu Los Angeles soll gehéieren. Los Angeles huet säi Waasser aus dem Owens River bezunn. Duerch dëst Annexéieren goufen och d'Stroossenimm geännert an d'Prospect Avenue gouf zum Hollywood Boulevard.

Hollywood an d'Filmindustrie


Um Ufank vum 20. Joerhonnert hun Filmfirmen aus New York an New Jersey ugefangen a Kalifornien ze plënneren, haaptsächlech wéinst dem gudde Wieder an well do d'Deeg méi laang woren. Obwuel ët schon elektrescht Liicht gouf sou wor ët dach nach nët stark genuch fir adequat filmen ze kënnen an déi beschte Luucht wor nach ëmmer d'Sonn. Nierwt dem Klima huet awer och d'Natur d'Firmen a Kalifornien gezunn. E wichtege Punkt wor och d'Distanz vun Südkalifornien op New Jersey, waat ët dem Thomas Edison méi schwéier gemaach huet, sech op séng Patenter ze behaapten.

Zu dëser Zäit hun dem Edison quasi all Patenter déi mam Filmen ze din haaten gehéiert an wéi am Osten ëmmer méi Leit onoofhängeg vum Edison sënger Motion Picture Patents Company agéiert hun, goufen sie verkloot. Also konnten sie, andeems sie un der Westküst sëtzen, méi onoofhängeg schaffen. Wann den Edison Agenten op LA gescheckt huet, sou wor daat dachs am Viraus gewosst an déi betraffe Leit konnte schnell iwwert d'Grenz a Mexiko flüchten.

Deen éischte Filmstudio, Nestor Studios, gouf 1911 vum Al Christie fir den David Horsley gegrënnt. Nach am selwechte Joer hun 15 weider Indépendanten sëch zu Hollywood néiergelooss.

Esou ass Hollywood duerch d'Filmindustrie an hier Filmstaren bekannt gin, an Hollywood gouf weltwäit zum Synonym fir d'amerikanesch Filmindustrie.

1913 huet den Cecil B. DeMille eng Scheier gelount an 1914 mat der Produktioun vum The Squaw Man lassgeluecht. Dëse Studio gouf bekannt als Lasky-DeMille Barn an ass haut d'Hollywood Heritage Museum.

D'Charlie Chaplin Studios sin 1917 gebaut gin. No 1953 huet dëse Studio enger Partie Leit gehéiert, dorënner CBS déi d'Serie Perry Mason hei gefilmt hun, a gouf 1969 vum Los Angeles Cultural Heritage Board zu engem historeschen a kulturelle Monument ernannt.

Den berühmten "Hollywood"-Schrëftzuch haat ursprünglech e puer Bustawe méi, do stoung nämlech "Hollywoodland". Et gouf 1923 opgestallt, als Reklamm fir déi nei Heiser déi een un den Hiwwele kaafe konnt. Während ville Joeren ass d'Scheld bliwwen ouni datt een sëch drëms gekëmmert huet. 1949 huet sech d'Hollywood Chamber of Commerce ageschallt an huet offréiert déi lescht véier Bustawen ewechzehuelen an de Rescht ze restauréieren. Hautzudaachs ass d'Scheld eng "registered trademark" an duerf nët ouni d'Autorisatioun vun der Hollywood Chamber of Commerce benotzt gin.

Déi éischt Academy Awards Zeremonie wor den 16. Mee 1929 am Hollywood Roosevelt Hotel.

Säit den 30er Joeren hun de fënnef groussen Hollywood Studioen (Paramount, RKO, 20th Century Fox, Metro-Goldwyn-Mayer a Warner Bros.) eng Zuel grouss Kinoen am ganze Land gehéiert fir hier Filmer ze weisen. D'Joeren 1930 bis 1948 gin och als den Hollywood studio system bezeechent. An de Mëtt-1950er koum d'Televisiounsindustrie nach dobai an ass bis haut och fest zu Hollywood établéiert.

Literatur zum Thema


  • P.G. Wodehouse, Laughing Gas, 1936.
  • Terry Pratchett, Moving Pictures, 1990.

Links


Intern

Extern

Kalifornien

Hollywood | Hollywood | Hollywood | হলিউড | Холивуд | Hollywood | Hollywood | Hollywood | Hollywood, Los Angeles, California | Hollywood | Holivudo | Hollywood | Hollywood | הוליווד | Hollywood | Hollywood (California) | ハリウッド | Holivudas | Hollywood | हॉलिवुड | Hollywood | Hollywood | Hollywood | Hollywood | Hollywood | Голливуд | Hollywood | Hollywood | Hollywood | Hollywood | 好莱坞

 

This article is licensed under the GNU Free Documentation License. It uses material from the "Hollywood (Kalifornien)".

Home Pageartsbusinesscomputersgameshealthhospitalshomekids & teensnewsphysiciansrecreationreferenceregionalscienceshoppingsocietysportsworld