article

D' Histologie ass d'Wëssenschaft vun de biologeschen Tissuen, an domat en Deelgebitt vun der Medezin an der Biologie, méi genee vun der Anatomie an der Pathologie.

D'Histologie ënnersicht mat Hëllef vu mikroskopeschen Tissutranchen a speziellen Techniken fir den Tissu ze fierwen. Esou gëtt fir d'Kriibsdiagnos an der Regel en histologescht Resultat gefrot. An der Medezin gëtt prinzipiell all ewechoperéierten Deel histologesch ënnersicht.

En elementart Aarbechtsmëttel vun der Histologie ass d'Liichtmikroskop an d'Elektronemikroskop,dat méi héich opléist.

Histologesch Klassifikatioun vun den animalen Tissuen


D'Histologie as eng deskriptiv Wëssenschaft, déi di morphologesch Kennzeeche vun deene verschiddenen Gewebezorten vun den Déieren a vum Mënsch studéiert. Si beschäftegt sech - am Géigesaz zur Zytologie - net direkt mam geneeën Opbau vun den eenzelnen Zellen, mee interesséiert sech fir die gesamt Architektur déi d'Zellen zesumme bilden. Di méizelleg (plurizellulär) animalesch Liewewiese bestinn aus enger grousser Zuel vun Zellen, déi sech all zu verschiddenen Tissuën (Geweben) zesummendinn. Di Art a Weis wéi sech d'Zellen zesummendinn erlaabt eis, verschidde Grondtissuën z'ënnerscheden.

Bei dene meeschten Déieren a beim Mënsch kann een grob 4 Grondtissuen differenziéieren, aus denen de ganzen Organismus opgebaut as:

1. Epithelien

2. Bindegewief

3. Muskelgewief

4. Nervengewief

Am Folgenden gët kuerz beschriwwen, duerch wat sech dës 4 Tissue-Typen erkenne loossen.

1. Epithelien

En Epithelium as e Verband vun Zellen, déi ganz enk uneneen leien, an déi duerch eng "Basalmembran" vun engem Bindegewief getrennt sin an op him opleien. En Epithelium kann op Däitsch och nach 'Deckgewebe' genannt gin, well en eng Struktur iwwerdecken an se emschléissen kann. Epithelien kënnen och kleng Tüben bilden an esou eng Drüs konstruéieren. Eng Drüs as näischt aanescht wéi en tubuläre System, deen bestemmte Stoffer sekretéiert. En Epithel kann aus enger oder e puer Schichten vun Zellen bestoën.

Fierwmethode vun der Histologie


Literatur zum Thema


  • Welsch, Ulrich: Lehrbuch Histologie, 1. Oplo, 2002, Verlag Urban & Fischer, München Jena, ISBN 3-437-42420-3 (608 S., 122 Grafiken, 486 faarweg an 203 schwaarz-wäiss Fotoen)

Links


Intern

Extern

Anatomie | Pathologie

Histologie | هستولوجيا | Istolochía | Histologi | Histologi | Histologija | Хистология | Histologia | Histologie | Histologi | Histologie | Histology | Histología | Histologio | بافت‌شناسی | Histologie | היסטולוגיה | Istologia | 組織学 | Histologija | Хистологија | Weefselleer | Histologi | Histologi | Histologia | Histologia | Гистология | Histológia | Хистологија | Histologija | Kudosoppi | Histologi | Histoloji | Гістологія | 组织学

 

This article is licensed under the GNU Free Documentation License. It uses material from the "Histologie".

Home Pageartsbusinesscomputersgameshealthhospitalshomekids & teensnewsphysiciansrecreationreferenceregionalscienceshoppingsocietysportsworld