Handball, oder Halenhandball, zielt zu engen vun deene Sportarten mat deem meeschte Kierperkontakt. Déi zwou Equipë musse probéieren, de Ball am Géigner säi Goal ze schéissen.
Den Handball gouf soss um Feld (Feldhandball) gespillt, haut awer haaptsächlech an der Hal. Ëmmer méi beléift ass hautesdaags de Beachhandball fir op der Plage. An Amerika gëtt och nach e Cityhandball fir an der Stad. .
1906 eréischt huet den dänesche Schoulmeeschter Holger Nielson déi éischt Regele geschriwwen a Matcher organiséiert. Nom Krich, 1946, gouf d'International Handballfederatioun (kuerz IHF) gegrënnt. 1991 gouf och déi Europäesch Handballfederatioun (kuerz EHF) gegrënnt. A béide Fäll war eis national Federatioun, d'FLH, Grënnungsmember.
Riicht virum Goal gëtt et och nach d'7 Meter-Linn, dei ähnlech wéi beim Fussball d'11 Meter-Linn, fir Stroofwërf ass.
A spezielle Fäll kann den Terrain och méi kleng sinn.
All Equip besteet aus 6 Feldspiller an engem Goalkipp. Bis zu 7 Spiller däerfen op der Bänk sëtzen.
D'Längt vun engem Match hängt vum Alter vun den Equipen of. D'Häre spillen 2x 30 Minutten. Méi Jonker spillen 3x 10 Minutten.
De Ball däerf net mam Fouss a Kontakt sinn. All anere Kierperdeel, de Knéi mat abegraff, däerfen de Ball awer beréieren. Mam Ball am Grapp däerf ee maximal 3 Schrëtt virum Dribbelen an 3 Schrëtt nom Dribbele maachen, soss gëtt et Marché. Bei engem Ballbesëtz dierf nëmmen eng Kéier gedribbelt ginn oder de Arbitter päift duebelen Dribbel (oder einfach Duebelen). Bei Marché oder Duebelen kritt de Géigner de Ball.
Wien net dribbelt, dierf de Ball héchstens 3 Sekonne behalen.
De Goalkippsraum däerf vu kengem Feldspiller beréiert ginn. Et ass allerdings erlaabt, an dëse Raum eranzesprangen, soulaang een de Ball geschoss huet ier een de Bueden nees beréiert. De Goalkipp däerf säi Raum verloossen, zielt awer dann als normale Feldspiller an däerf dowéinster och net mam Ball am Grapp a säin eegene Raum zrécktrëppelen.
Gepaff gëtt vun engem bis zwee Arbitteren um Feld an engem Offiziellen op der Auerbänk.
Jiddfer Equip däerf pro Hallschecht eng Kéier en Time-out vun enger Minutt ufroen. Dës Auszäit kann nëmme vum Arbitter geneemegt ginn, wann dës Equip am Ballbesëtz ass.
Auswiesselen däerf sou oft wéi ee wëll gemaach ginn. D'Spill gëtt dobäi net ënnerbrach. D'Ausswiessele muss awer an der Géigend vun der Mëttelfeldlinn geschéien an nëmmen op der Säit vun der Bänk.
Gewonnen huet, wien beim Ofpäifen déi meeschte Goaler geschoss huet.
Bei Feeler geet de Ball un de Géigner a folgend Strofe kënne gepaff ginn:
Déi offiziell op der Bänk, Trainer, Co-trainer, Dokter... , kënnen och verwarnt ginn (wann se ze vill jäitzen). Bei der zweeter Verwarnung mussen si d'Feld verloosen.
كرة يد | Rukomet | Handbol | Håndbold | Handball | Käsipall | Team handball | Balonmano | Manpilko | Handball | 핸드볼 | Rukomet | Pallamano | כדוריד | Ракомет | Handbal | ハンドボール | Håndball | Handball | Piłka ręczna | Andebol | Гандбол | Rukomet | Handball | Hádzaná | Rokomet | Käsipallo | Handboll | Hentbol | 手球
This article is licensed under the GNU Free Documentation License.
It uses material from the
"Handball".
Home Page • arts • business • computers • games • health • hospitals • home • kids & teens • news • physicians • recreation• reference • regional • science • shopping • society • sports • world