Franséisch, oder d'franséisch Sprooch gehéiert zu der romanescher Grupp vun den indogermanesche Sproochen. Si gëtt an 52 Länner vun ca. 130 Millioune Mënsche (77 Milliounen als Mammesprooch, 53 Milliounen als Zweetsprooch) geschwaat (Stand: 1999).
D'Entwécklung vun der franséischer Sprooch huet déi Eegenaart, datt si vun intellektuelle Gruppen oder vun Institutiounen (wéi d'Académie française) optiméiert gouf. Et ass also eng akademesch Sprooch. Dat verhënnert awer net, datt et eng lieweg a phantasiräich Sprooch ass a bleift. Net zu Onrecht gëtt d'Franséisch och "Sprooch vum Molière" genannt.
Et gëtt allgemeng ugeholl, datt d'Serments de Strasbourg vun 842 den éischten, op Romanesch geschriwwenen Text ass. D'Existenz vun enger romanescher Sprooch gouf fir d'éischt 813 bei Geleeënheet vun der Synod vun Tours ernimmt. Et dauert bis 880-881 bis den éischte literareschen Text, Séquence de sainte Eulalie erschéngt. 1539 gëtt Franséisch als Rechts- a Verwaltungssprooch duerch d' Ordonnance de Villers-Cotterêts agefouert.
D'Entwécklung vun der Sprooch huet sech a 5 Phasen, déi allerdéngs lues a lues anenaaner iwwergaange sinn, ofgespillt. Bei de Beispiller am Ofschnëtt Chronologie ass d'Orthographie déi vun de respektiven Éditeuren an net déi vun den Auteuren. Et duerf een net vergiessen, datt d'Orthographie virum 19. Joerhonnert staark variéiert huet.
Et gëtt geschat datt um Virowend vun der franséischer Revolutioun nëmmen e Véierel vun der franséischer Populatioun Franséisch geschwat huet. Deem géintiwwer ass d'Franséisch op allen europäeschen Häff geleefeg gebraucht ginn. Franséisch war awer net nëmmen d'Sprooch vum Adel a vun der Diplomatie, mee war och an de Beräicher vun der Konscht, vun der Wëssenschaft a vun der Technik net ewechzedenken.
Den engleschen Haff huet laang Zäit Franséisch geschwaat. Den honnertjärege Krich huet 1362 dëse Brauch ofgeschaaft, mee haut nach bestinn déi kinneklech englesch Devisen op Franséisch: honni soit qui mal y pense an Dieu et mon droit.
Franséisch ass ëmmer nëmme mam latengeschen Alphabet geschriwe ginn.
D'Franséisch Sprooch gëtt haut iwerwaacht vun: Académie française, Délégation générale à la langue française et aux langues de France, Service de la langue française (Belsch), Office québécois de la langue française, les Conseils supérieurs de la langue française de France, de Belgique et du Quebec.
Franséisch ass, eleng oder zesumme mat aanere Sproochen, d'offiziell Sprooch (Amtssprooch) a folgende Länner (a Klameren d'Zuel vun de Mënschen déi Franséisch als Mammesprooch schwätzen):
Ausserdeem ass Franséisch eng vun den offizielle Sprooche vun der Europäescher Unioun.
Francouzština | Fransk (sprog) | Französische Sprache | French language | Idioma francés | Franca lingvo | Prantsuse keel | Français | צרפתית | Franska | Lingua francese | フランス語 | Prancūzų kalba | Francia nyelv | Frans | Fransk språk | Język francuski | Língua francesa | Limba franceză | Французский язык | French language | Francoščina | Ranskan kieli | Franska | Tiếng Pháp | 法语
This article is licensed under the GNU Free Documentation License.
It uses material from the
"Franséisch".
Home Page • arts • business • computers • games • health • hospitals • home • kids & teens • news • physicians • recreation• reference • regional • science • shopping • society • sports • world