D'Fréidynastesch Zäit vun Egypten (ëm 3000–2740 v. Chr.), och Thinitenzäit genannt, schléisst sech un d'Virdynastesch Zäit un. Zu dëser Zäit zielen déi éischt an déi zweet Pharaonendynastie. Déi drëtt Dynastie gehéiert schon zum Ale Räich.
D'Fréidynastesch Zäit geet u mat der Vereenegung vun Uewer- an Ënneregypten ënnert dem Menes, deem säi Liewen eis mat ville mythologeschen Elementer iwwerliwwert gouf. Dëst ass och den Ursprong vun der Pharaoneregierung, déi bal 3000 Joer de Pharao als en Nokomme vun de Gëtter ugesinn huet.
Ënnert der vum Menes gegrënnter 1. Dynastie dehnt sech Egypte bis op de Sinai aus. D'Stad Memphis entsteht, an d'Kultur erbléit, wat een un der Weiderentwëcklung vun der Hieroglypheschrëft an un den imposante Griewbauten zu Saqqara an Abydos feststelle kann.
Déi 2. Dynastie, déi ëm 2850–2740 v. Chr. un der Muecht war, huet Ausernanersetzungen tëscht Uewer- an Ënneregypten erliewt, déi wuel och e reliéisen Hannergrond haten (Horus am Süden, Seth am Norden). De Pharao Nebre konnt den Néiergang zäitweis ophalen. De leschte Pharao vun der 2. Dynastie, de Chasechemui, konnt en Ausgläich tëscht de Konfliktparteien erreechen.
Laut dem Manetho stamen d'Pharaonen aus denen éischten zwou Dynastien aus This an Ueweregypten a goufe meeschtens zu Abydos op dem Umm el-Qaab begruewen. Dohier kënnt och den Numm Thinitekinneken an Thinitenzäit.
Període tinita | Frühdynastische Periode (Ägypten) | Early Dynastic Period of Egypt | Período arcaico de Egipto | Période thinite | Periodo arcaico dell'Egitto | Tidlig dynastisk tid i Egypt | Período arcaico do Egito | Perioada Dinastică Timpurie a Egiptului | 早王朝時期
This article is licensed under the GNU Free Documentation License.
It uses material from the
"Fréidynastesch Zäit (Egypten)".
Home Page • arts • business • computers • games • health • hospitals • home • kids & teens • news • physicians • recreation• reference • regional • science • shopping • society • sports • world