article Related Topics:
Fandom :: Fan,_The :: Fantasy_Simulations :: Fantastic_Four :: Fantasy :: Fantavision :: Fantastic_Voyage :: Fante,_John :: Fancy_Diamonds :: Fancy_LaLa
 

E Fan (englesch fan [, vun fanatical = fanatesch) ass e begeeschterten Unhänger vun enger Persoun, enger Grupp vu Persounen oder enger Saach. D’Wuert "Fan" ass aus dem Engleschen a méi Sproochen iwerdroe ginn. Organiséiert Fans fanne sech dacks a Fanclibb zesummen.

Ausprägungen


De Phänomen "Fan" get et besonnesch prononcéiert a folgende Beräicher:

Sport

Fans vun engem Sportler, engem Sportveräin oder enger Sportaart, wéi z.B. Fussballfans. Am Beräich Sport (besonnesch bei der Sportart Fussball) ass de Begrëff zousätzlech ofzegrenze mat:
  • Bei Sportveräiner gi Fans, déi d’Compétitioune vun hirer Mannschaft besichen, och oft Schlachtenbummler genannt. Fir d’Kommunikatioun mat der Mannschaft an aneren Spectateuren benotzen se Fangesäng.
  • Gewaltbereet Fans gin oft als Hooligans bezeechent, déi z.B. Sportveransltungen als Plattform mëssbrauchen.
  • Eng weider Ënnergrupp vu Fans sin d’Ultraen.
  • Den italienesche Begrëff Tifosi betitelt och e Fan oder Unhänger a gët heefeg als Synonym fir d’italienesch Fans bei enger Sportveranstaltung benotzt. D’Wuert Tifosi staamt vun der Krankheet Typhus, déi onbehandelt zu héigem Féiwer féiert, esou wéi den Tifoso als Fussballfan deen um Fussballféiwer leidt.

Musek

Besonnesch an der Pop-Musék: Fans vun enger Band, engem Sänger, Museker, DJ asw.

Théater, Film a Fernseh

Fans vum Theater an/oder dem Film allgemeng, bzw. vu bestëmmten Theateren, Filmer, Fernsehserien, Moderatoren, Regisseuren oder Schauspiller.

Konscht

Fans vun engem Kënschtler. Am Beräich Konscht geet amplaz vu Fan och oft vun engem Liebhaber riets. Speziell Ausprägungen sin hei: All Fans vun engem kënschtleresche Wierk gin als Fan-Gemeng oder Fandom bezeechent.

Konsum

Am Beräich Konsum gin et Fans vun engem Liewensstiil, Fans vu Marquen, Fans vu Produiten mat "Kultstatus" etc.
  • Den Anglizismus Fanboy (Fangirl) ass d’Bezeechnung fir e fanateschen Unhänger vun engem Produit oder Produzent. Dësen Ausdrock gët z.B. heefeg fir iwerzeegent Benotzer vun engem Betriibssystem oder enger Spillkonsol benotzt.

Kuckt och


Sproochlech Begrëffer | Sport | Musek

Fan | Fan | Fan (aficionado) | ファン | Fan | Fan | Supporter | 爱好者 | Siáu-iú

 

This article is licensed under the GNU Free Documentation License. It uses material from the "Fan".

Home Pageartsbusinesscomputersgameshealthhospitalshomekids & teensnewsphysiciansrecreationreferenceregionalscienceshoppingsocietysportsworld