article

Den Europäesche Geriichtshaff (méi genee: Geriichtshaff vun der Europäescher Communautéit) gouf 1952 duerch den Traité vu Paräis (CECA-Traité) gegrënnt. En ass dat iewescht Geriicht vun der Europäescher Unioun, wat europäescht Recht betëfft.

Seng Aufgab ass et, dofir ze suergen, dass d’communautairet Recht an alle Memberslänner d’nämlecht interpretéiert an ugewandt gëtt. De Geriichtshaff kann a Litigen tëschent Memberstaaten, Organer vun der EU, Enterprisen oder Privatpersounen decidéieren.

Den Europäesche Geriichtshaff huet säi Sëtz an der Stad.

Zesummesetzung


Den Europäesche Geriichtshaff sëtzt sech zesummen aus engem Riichter pro Memberstaat, fir dass all national Rechtsuerdnunge solle vertruede sinn. Fier méi effektiv ze schaffen, kann de Geriichtshaff och an enger "Grousser Chamber" zesummekommen, déi aus 13 Riichtern zesummegesat ass, heiansdo och a Chamberen zu 3 oder 5 Riichteren.

Dem Geriichtshaff zur Säit stinn 8 "Generolaffekoten", déi d'Schlussconclusioun ausschaffen a begrënnen, op Grond vun deer d’Riichter hiirt Uerteel fällen.

D’Riichter an d’Generolaffekoten ginn op 6 Joer vun hire respektive Länner ernannt; hiirt Mandat kann ëm 3 Joer verlängert ginn.

1989 gouf d'Éischtinstanz-Geriicht geschaf, fir sech virun allem em Kloe vu Privatpersounen oder deer, déi d’Konkurrenz tëscht Entreprisen zum Thema hunn, ze këmmeren. De Geriichtshaff an den Éischtinstanz-Geriichtshaff wielen op dräi Joer e President aus hirer Mëtt.

Aufgaben


Déi 4 heefegst Zorte vu Prozeduren, matt deenen de Geriichtshaff ze dinn huet, sinn:

  • Demande ëm eng Virop-Entscheedung ("renvoi préjudiciel"):
Wann eng national Geriichtsinstanz Zweiwelen huet, wéi d’europäescht Recht auszeleeën ass oder wéiwäit et unzewenden ass, kann se (a muss se heainsdo) en Avis vum Europäesche Geriichtshaff ufroen. Dësen Avis gëtt d’Geriicht a Form vun engem "Arrêt préjudiciel". D’ofschléissend Uurteel am Fall selwer gët dann awer vum nationale Geriicht gesprach.
  • Kloe géint Infractiounen vun den Traitéën ("recours en manquement"):
Dës Kloe kënne vun der Europäescher Commissioun agereecht ginn, wa si fënnt, dass e Memberstaat sénge Verflichtungen, déi en duurch den europäeschen Droit huet, net nokënnt, z.B., wann en eng Directive nët oder falsch an d’nationaalt Recht ëmgesat huet. Och d’Memberstaate kënnen esou eng Klo géint en anere Memberstaat maachen. Am Fall vun engem Uurteel géint e Memberstaat muss deen d’Ëmstänn, déi zur Klo gefouert hun, direkt änneren.
  • Kloen, wann e Gesetz géint d’EU-Recht verstéisst ("recours en annulation"):
Wann eng Privatpersoun, e Memberstaat, de Conseil, d’Commissioun oder d’Europäescht Parlament der Meenung sinn, e bestëmmte Rechtsakt vun der EU wier illegal, kënnen se d’Geriicht uruffen, fir dass dat en annuléiert.
  • Kloe géint d’Näischtmaachen ("recours en carrence"):
Duerch den Europäeschen Traité sinn d’Europäescht Parlament, de Conseil an d’Commissioun derzou verpflicht, ënner gewëssen Ëmmstänn bestëmmten Decisiounen ze huelen. Wann se dat net maachen, kënnen d’Memberstaaten, déi aner Organer, oder (ënnert bestëmmte Conditounen) Eenzelpersounen oder Enterprisen de Geriichtshaff uruffen, dass e soll feststellen, dass dëst Näischt-maachen nët rechtens anss.

Wéi eng Affaire ofleeft


Wann eng Plainte bis enregistréiert ass, gët se engem Riichter an engem Generolaffekot zougedeelt. D’Prozedur, déi dann uleeft, besteet aus engem schrëftlechen an engem mëndlechen Deel.

Bei der schrëftlecher Prozedur deelen d’Parteien schrëftlech hir Vuë matt, wouropshin de Riichter e Rapport mécht, an deem en dës Declaratiounen an de rechtleche Kader zesummefaasst. Op Basis vun deem Rapport schafft de Generolaffekot seng Conclusiounen aus. Des Conclusiounen hëllefen dem Riichter, en Uerteelsprojet auszeschaffen, deen en deenen anere Riichteren iwwermëttelt.

Dono kënnt den zweeten Deel, déi mëndlech Verhandlung. Dës ass am Prinzip virun der "grousser Chamber", kann awer och, je no Bedeitung a Complexitéit vun der Affaire, viru manner Riichter (3 oder 5) oflafen. Hei kënnen d’Affekote vun de Parteien de Riichter an dem Generolaffekot hir Argumenter duerleeën, an dës kënne Froe stellen. Dono presentéiert de Generolaffekot seng Conclusioune, wouropshin d’Riichter iwwer d’Uurteel deliberéieren an et da verkënnegen. Den Uurteelssproch gët matt enger Majoritéit geholl. Falls nët all Riichter enger Meenung waren, gët dat nët gesot.

Wichteg Geriichtsentscheedungen


Dee wuel wichtegsten Arrêt vum Europäesche Geriichtshaff ass deen an der Affaire "Van Gendt und Loos" vun 1967. Hei gouf fir d'éischt festgehalen, dass d'Memberstaaten sech fräiwëlleg enger Communautéit matt enger eegener Rechtsuerdnung ënnerworf hunn an dofir och en Deel vun hirer Souverainitéit ofginn hunn - e Fait, deen deen een oder anere Politiker an de Memberstaate nawell gär vergësst.

Soss


Den Europäesche Geriichtshaff dierf nët verwiesselt gi mam Europäesche Geriichtshaff fier Mënscherechter. Dësen huet säi Sëtz zu Stroossbuerg, an ass en Organ vum Europarot.

Links


Intern

Extern

Europäesch Unioun | Droit

Evropský soudní dvůr | Llys Cyfiawnder Ewrop | EF-domstolen | Europäischer Gerichtshof | European Court of Justice | Tribunal de Justicia de la Unión Europea | Euroopa Kohus | Cour de Justice des Communautés européennes | בית הדין האירופי לצדק | Evrópudómstóllinn | Corte di giustizia delle Comunità europee | 欧州司法裁判所 | ევროპულ თანამეგობრობათა სასამართლო | Európai Bíróság | Hof van Justitie van de Europese Gemeenschappen | EF-domstolen | Trybunał Sprawiedliwości | Tribunal de Justiça da União Europeia | Curtea de Justiţie a Comunităţilor Europene | Суд правде Европске уније | EG-domstolen | 欧洲法院

 

This article is licensed under the GNU Free Documentation License. It uses material from the "Europäesche Geriichtshaff".

Home Pageartsbusinesscomputersgameshealthhospitalshomekids & teensnewsphysiciansrecreationreferenceregionalscienceshoppingsocietysportsworld