article

D'Entwécklungsbiologie versicht d'Entwécklung vun de Liewewiese virun der Gebuert ze verstoen. Eigentlech fängt jo alles mat enger eenzeger Zell un: eng Eezell déi mat enger Spermazell verschmolt ass. Si dréit all d'Informatioun a sech déi néideg ass, fir de ganze Kierper opzebauen. Mee wéi dat genee funktionnéiert ass am Moment nach net honnertprozenteg bekannt, also firwat e bestëmmten Deel vum Embryon zu engem bestëmmten Zäitpunkt sech zum Gehir, zu engem Muskel, oder engem aneren Organ entwéckelt.

Wéinst ethesche Grënn gëtt dës Fuerschung natierlech net u mënschlechen Embryone gemaach. Déi Embryonen déi am meeschte gebraucht ginn, aus etheschen, techneschen a finanzielle Grënn, sinn haaptsächlesch déi vum Xenop (eng Aart Fräsch), vum Hung an der Maus.

Biologie

Entwicklungsbiologie | Developmental biology | Biología del desarrollo | Biologie du développement | Fejlődéstan | 発生生物学 | Ontwikkelingsbiologie | Embriologia | Developmental biology | Razvojna biologija

 

This article is licensed under the GNU Free Documentation License. It uses material from the "Entwécklungsbiologie".

Home Pageartsbusinesscomputersgameshealthhospitalshomekids & teensnewsphysiciansrecreationreferenceregionalscienceshoppingsocietysportsworld