article

Educatioun (oder Pädagogik, v. griich. παιδαγογια, vu παιδος (paidos) Kand an αγω féieren, grousszéien) befaasst sech mat der Erzéiung an der Bildung. Si soll virun allem mat systematesche Fuerschungsmethode schaffen, fir Erkenntnisser iwwert d'Erzéiungsprozesser ze kréien an och zur Bildung bäizedroen.

Bäim Erzéiungsprozess gi Kanner a Jugendlecher duerch déi pädagogesch Verantwortlech (Elteren, Erzéier, Schoulmeeschteren a Proffen) an d'Welt vun den Erwuessenen agefouert. De Jonktem dobäi Regelen, Normen a Behuelen, mee och selbststännegt Denken an Handelen.

De modernen a ganzheetleche Bildungsbegrëff dogéint steet fir de liewenslaangen Entwécklungsprozess vum Mënsche, bäi deem hee seng geeschteg, kulturell a liewenspraktesch Fähegkeeten a seng personal a sozial Kompetenzen erweidert.

Erzéiung kënnt vu baussen - de Bildungsprozess awer ass e selbstännege Prozess, de vu banne kënnt an op d'Erzéiung opbaut. Wichteg Faktore bäi der Educatioun sinn d'Natur, d'Gesellschaft an den Individuum selwer.

Disziplinnen wéi d'Soziologie an d'Psychologie spille bei der Educatioun eng grouss Roll.

Geschicht


Literatur


Linken


Kuckt och

Um Spaweck

Educatioun

Образование | Uddannelse | Bildung | Education | Eduko | Educación | Éducation | 教育 | Onderwijs | Utdanning | Edukacja | Educação | Educaţie | Образование | Education | Освіта

 

This article is licensed under the GNU Free Documentation License. It uses material from the "Educatioun".

Home Pageartsbusinesscomputersgameshealthhospitalshomekids & teensnewsphysiciansrecreationreferenceregionalscienceshoppingsocietysportsworld