D' Cosmographiae Introductio (mam ganzen Titel: Cosmographiae introductio cum quibusdam geometriae ac astronomiae principiis ad eam rem necessariis. Insuper quattuor Americi Vespucci navigationes. Universalis Cosmographiae descriptio tam in solido quam plano, eis etiam insertis, quae Ptholomaeo ignota a nuperis reperta sunt.) ass e Buch vum däitsche Kartograf Martin Waldseemüller, dat am Joer 1507 zu Saint-Dié a Frankräich erauskoum.
D' Universalis Cosmographia ass eng Kaart vum Martin Waldseemüller, déi am Joer 1507 mam Cosmographiae Introductio zu Saint-Dié publizéiert gouf.
Op dëser Kaart gouf fir d'éischte Kéier den Numm "America" fir déi Nei Welt gebraucht: De Waldseemüller hat gemengt, se wir vum Amerigo Vespucci entdeckt ginn. Dësen Numm ass op anere Kaarten iwwerholl ginn, a, wéi mer wëssen, nach haut gebräichlech.
D'Kaart gouf an 1.000 Exemplaire gedréckt. Et schéngt es, wéi wa just een eenzegt bis haut ërhale bliwwe wier. Et gouf 2001 vun der Library of Congress zu Washington D.C. opkaf.
Cosmographiae Introductio | Cosmographiae Introductio | Cosmographiae Introductio
This article is licensed under the GNU Free Documentation License.
It uses material from the
"Cosmographiae Introductio".
Home Page • arts • business • computers • games • health • hospitals • home • kids & teens • news • physicians • recreation• reference • regional • science • shopping • society • sports • world