article

De Conseil ass déi wichtegst Decisiouns-Instanz vun der Europäescher Unioun. Heen ass et, deen (an de meeschte Fäll) zesumme mam Europäesche Parlament d'Reglementer an Directiven unhëlt, déi dann an alle Memberstate gëllen, respektiv mussen an nationalt Recht transposéiert ginn.

De Conseil representéiert d'Memberstaten vun der EU doduercher, datt hei d'Ministeren aus de nationale Regierunge vun de Memberslänner beienee kommen. Et sinn ëmmer déi Ministeren, déi fir deen Dossier responsabel sinn, iwwer deen et ze décidéiere gëtt: geet et zum Beispill ëm eng Directive aus dem Ëmweltberäich, sinn et déi 25 Ëmweltministeren, déi am "Ëmweltconseil" doriwwer ofstëmmen.

Et ginn am ganzen néng Zesummesetzungen, an deenen de Conseil zesumme ka kommen:

  • Allgemeng Affairen an Aussebezéiungen;
  • Wirtschafts- a Finanzaffairen ("ECOFIN");
  • Justiz a Bannenzeg Affairen;
  • Beschäftegung, Sozialpolitik, Gesondheet a Konsumenteschutz;
  • Competitivitéit (Bannemaart, Industrie A Recherche);
  • Transport, Telekommunikatiounen an Energie;
  • Landwiertschaft a Fëscherei;
  • Ëmwelt;
  • Bildung, Jugend a Kultur.

All Minister schwätzt am Numm vu senger Regierung, an ass viru sengem nationale Parlament dofir verantwortlech, wat en am Conseil mécht. Et kënnt nawell vir, datt Ministeren doheem vun Directivë schwäten, déi "Bréissel" decidéiert huet, an dobäi gär "vergiessen", datt si selwer dës Decisioun matgedroen hunn.

Seng Pouvoiren


De Conseil erfëllt sechs fundamental Fonctiounen:

  1. En adoptéiert europäesch Gesetzer (Directiven a Reglementer), déi d'Europäesch Commissioun proposéiert huet, an deene meeschte Fäll zesumme mam Europäesche Parlament;
  2. E coordinéiert d'Orientéierunge vun de Wirtschaftspolitike vun de Memberslänner;
  3. En ënnerschreift international Accordën tëscht der EU an engem oder méi Drëttstaaten oder internationalen Organisatiounen;
  4. Zesumme mam Europäesche Parlament heescht en de Budget vun der EU gutt;
  5. E leet d'Gemeinsam Europäesch Aussen- a Sécherheetspolitik (och nom franséischen Acronym PESC genannt) fest.
  6. E coordinéiert d'Zesummenaarbecht tëscht Justizinstanzen a Police vun de Memberslänner bei Saachen, déi mam Strofrecht ze dinn hunn.

Déi véier éischt Responsabilitéite betreffe "communautaire" Sujeten, d.h. déijéineg, bei deenen d'Memberstaaten hir Souveränitéit doriwwer zesummegeluecht an den Institutioune vun der EU iwwerdroen hunn. Et seet een och alt "éischte Pillier" dozou.
Déi zwou lescht nennt een "zweeten" an "drëtte Pillier" vun der EU. Heibäi handelt et sech ëm Domainen, bei deenen d'Memberstaate weiderhin d'Soen hunn, mee tëschenteneen ("inter-gouvernemental") zesummeschaffen. Beim zweete Pillier ass dat z.B. en Arméikontingent vu 60.000 Leit, déi bannent kuerzer Zäit aus den nationalen Arméien zesummegezu ka ginn, fir a Krisegebitter geschéckt kënnen ze ginn. Deen drëtte betrëfft virun allem Zesummenaarbecht an Informatiounsaustausch bei Schwéierkriminalitéit, Drogenhandel, Geldwäscherei, Terrorissem, asw. Dës zwee Pilliere sinn nach am Opbau.

Seng Aarbechtsweis


De Conseil huet säi Sëtz zu Bréissel, am Justus-Lipsius-Gebai um Rond-point-Schuman, vis-à-vis vun der Europäescher Commissioun. D'Ministere kommen hei 9 Méint am Joer zesummen. Am Abrëll, Juni an Oktober hu se hir Reuniounen zu Lëtzebuerg.

All Memberstaat huet zu Bréissel eng permanent Equipe ("Representatioun"), mat un der Spëtzt dem Ambassadeur bei der EU, déi seng Interessë verdeedegt.

Dës Ambassadeure kommen all Woch am COREPER ("Comité des Représentants Permanents") zesummen, fir dem Conseil zouzeschaffen an d'Decisiounen déi en hëlt, ze preparéieren.

Fir datt kee Land sech soll vun engem anere bevirdeelegt villen, ännert dem Conseil seng Présidence all 6 Méint.

Tëscht 2003 an 2006 hunn d'Présidence:

Dat heescht zum Beispill datt, wann am Hierscht 2006 d'Ëmweltministeren zesummekommen, de finneschen Ëmweltminister de Virsëtz huet.

De Generolsekretär

De Generolsekretär peekt der Présidence eng Hand un, andeems e (mat senge Beamten) dofir suergt, datt d'Aarbechten am Conseil op allen Niveauën ouni Probleemer lafen.

Zanter 1999 ass de Javier Solana Generolsekretär vum Conseil. Heen ass och den Héije Representant vun der EU no baussen (och "Monsieur PESC" genannt).

Stëmme pro Memberland

Am Conseil gëtt ofgestëmmt. Dobäi huet e Land ëm sou méi Stëmme, wat et méi grouss ass, woubäi d'Gewiichtung liicht zu Gonschte vun deene méi klenge Länner geet.

Vum 1. Januar 2005 u sinn d'Stëmmen esou verdeelt:

Fir datt eng Propositioun ugeholl gëtt brauch se meeschtens eng "qualifizéiert Majoritéit". Dës ass dann erreecht, wann op d'mannst d'Halschent (heiansdo och zwee Drëttel) vun de Memberlänner dofir sinn an op d'mannst 232 Stëmmen zesummekommen (déi och nach 62% vun der EU-Populatioun musse représentéieren).

Heiansdo, bei méi kriddeleche Beräicher, wéi der Baussen- a Sécherheetspolitik, der Steierpolitik oder der Asyl- an Immigratiounspolitik, ass Unanimitéit gefrot; all 25 Länner mussen d'accord sinn. Dat hesscht ëmgedréint, datt an dëse Beräicher all eenzele Memberstaat e Vetos-Recht huet.

Soss

De Conseil vun der Europäescher Unioun dierf net verwiesselt gi mam Europäesche Conseil, d.h. dem Sommet vun de Staats- a Regierungscheffen, dee 4 Mol am Joer gehale gëtt fir di "grouss" europäesch Themen ze beschwätzen.

Och net ze verwiesselen ass e mam Europarot (op Franséisch: Conseil de l'Europe), dee säi Sëtz zu Stroossbuerg huet, an deen näischt direkt mat der EU ze dinn huet, mee eng international Organisatioun ass, deer hir Memberschaft wäit doriwwer erausgeet.

Linken


Kuckt och

Um Spaweck

Europäesch Unioun

Dewan Uni Eropa | Consell de la Unió Europea | Rada Evropské unie | Cyngor Gweinidogion Ewrop | Rådet for Den Europæiske Union | Rat der Europäischen Union | Council of the European Union | Consejo de la Unión Europea | Konsilio de la Eŭropa Unio | Euroopa Liidu Nõukogu | Conseil de l'Union européenne | Consello da Unión Europea | מועצת אירופה | Consiglio dell'Unione Europea | 欧州連合理事会 | ევროპის კავშირის საბჭო | Európai Unió Tanácsa | Raad van de Europese Unie | Rådet for Den europeiske union | Rada Unii Europejskiej | Conselho da União Europeia | Consiliul Uniunii Europene | Совет Европейского Союза | Svet Evropske unije | Савет Европске уније | Euroopan unionin neuvosto | Europeiska unionens råd

 

This article is licensed under the GNU Free Documentation License. It uses material from the "Conseil vun der Europäescher Unioun".

Home Pageartsbusinesscomputersgameshealthhospitalshomekids & teensnewsphysiciansrecreationreferenceregionalscienceshoppingsocietysportsworld