D'Communauté européenne du Charbon et de l'Acier, kuerz: als CECA, Schumanplang oder Montanunioun bezeechent, ass déi éischt europäesch Communautéit.
Si gouf den 18. Abrëll 1951 zu Paräis vun Däitschland, Frankräich, Italien, Holland, der Belsch a Lëtzebuerg gegrënnt.
Si geet zeréck op d'Iddie vum Jean Monnet a Robert Schuman, déi doduercher de Fridden an Europa séchere wollten, andeems datt Frankräich, Däitschland, an aner Länner, déi wollten, hir Produktioun vu Kuel a Stol sollten zesummeleeën (kuckt dozou: Schuman-Declaratioun).
D'Héich Autoritéit, d'Executivorgan vu der CECA, hat hire Sëtz zu Lëtzebuerg, op der Metzer Plaz. Do huet se den 10. August 1952 hir Aarbecht opgeholl.
Opgrond vum CECA-Traité ass de Gemeinsame Stolmaart den 1. Mee 1953 opgaang an den Éischten Europäesche Stol gouf dunn zu Esch-Uelzecht gegoss.
1957 ass d'CECA zesumme mat der Europäescher Wirtschaftsgemeinschaft an der Europäescher Gemeinschaft fir Atomenergie zu den Europäesche Communautéiten zesummegefaaast ginn, déi spéider, mam Traité iwwert d'Europäesch Unioun (och bekannt als Vertrag vu Maastricht), an d'Europäesch Unioun iwwergoungen.
Zu Lëtzebuerg ginn et eng etlech Stroossen, déi no der CECA benannt sinn.
Opgrond vum CECA-Vertrag goufen folgend Institutioune geschaf:
Wéi d'Europäesch Verträg fusionnéiert goufen, huet d'Europäesch Commissioun d'Aufgabe vun der Haute Autorité iwwerholl. Aus der Europäescher Konsultiver Versammlung, déi spéider Assemblée parlementaire européenne geheescht huet an deene hir Memberen nach vun den nationale Parlamenter bestëmmt goufen, ass dat fräigewielten Europäescht Parlament ervirgaang.
De Vertrag vun der CECA ass den 23. Juli 2002 ofgelaf an net méi erneiert ginn. Seng Functioune goufen vum Traité iwwert d'Europäesch Unioun iwwerholl.
D'Missioun vun der Héijer Autoritéit war et, fir supranational Entscheedungen ze treffen, je nodeem onmëttelbar, oder no Unhéierung vum Comité Consultatif oder/an dem Ministerrot. A gewësse Fäll war d'Zoustëmmung vum Ministerrot erfuerdert. D'Entscheedungsgewalt am Stol-, Kuelen- an am Erzberäich ass domat de 6 Grënnerstaate vun der CECA entzunn an op d'Héich Autoritéit vun der CECA iwwerdroe ginn.
Eng Rei vu Lëtzebuerger a Persounen vu Lëtzebuerger Ofstamung hunn, ausser dem Robert Schuman, dem Joseph Bech an dem Albert Wehrer, vill zum Erfollech vum Schumanplang bäigedro. Et sinn:
Liest heizou de grondleeënden Artikel iwwert d'Sëtzfro.
Comunitat Europea del Carbó i de l'Acer | Evropské společenství uhlí a oceli | Cymuned Ewropeaidd Glo a Dur | Kul- og Stålunionen | Europäische Gemeinschaft für Kohle und Stahl | European Coal and Steel Community | Comunidad Europea del Carbón y del Acero | Communauté européenne du charbon et de l'acier | קהילת הפחם והפלדה האירופית | यूरोपीय कोयला और स्टील संगठन | Europana Karbono- e Stalo-Komuneso | Comunità Europea del Carbone e dell'Acciaio | 欧州石炭鉄鋼共同体 | 유럽 석탄 철강 공동체 | Európai Szén- és Acélközösség | Europese Gemeenschap voor Kolen en Staal | Det europeiske kull- og stålfellesskap | Europejska Wspólnota Węgla i Stali | CECA | Comunitatea Europeană a Cărbunelui şi Oţelului | Európske spoločenstvo pre uhlie a oceľ | Euroopan hiili- ja teräsyhteisö | Europeiska kol- och stålgemenskapen
This article is licensed under the GNU Free Documentation License.
It uses material from the
"Communauté européenne du Charbon et de l'Acier".
Home Page • arts • business • computers • games • health • hospitals • home • kids & teens • news • physicians • recreation• reference • regional • science • shopping • society • sports • world