De Bloe Reider (orig.: Der blaue Reiter) ass den Numm, dee sech eng Këntschlercommunautéit 1911 zu München ginn huet. Si gouf gegrënnt vum Wassily Kandinsky an dem Franz Marc, zwéi Moler, déi net laang mat derbäi waren. Et goung hinnen ëm d'Befreiung vu sturer Traditioun. Weider Membere waren ë.a. den August Macke, d'Gabriele Münter, d'Marianne von Werefkin, den Alexej von Jawlensky an de Paul Klee. Och Dänzer a Komponisten hunn zum Krees gehéiert.
Si hunn all hirt Interessi u mëttelalterlecher a primitiver Konscht an un den zäitgläiche Bewegunge vum "Fauvismus" a "Kubismus" gedeelt.
Denn Numm vun der Grupp koum duerch e Bild vum Kandinsky aus dem Joer 1903 mam selwechten Numm, wat 1912 als Buchtitelillustratioun zum Almanach mam selwechten Numm gedingt huet. Dëst programmatescht Wierk, erausgi vum Kandinsky a Marc (Piper, München, 1912) huet, mam Marc senge Wierder "die neueste malerische Bewegung in Frankreich, Deutschland und Russland" ëmfaasst "und zeigt ihre feinen Verbindungsfäden mit der Gotik und den Primitiven, mit Afrika und dem großen Orient, mit der so ausdrucksstarken ursprünglichen Volkskunst und Kinderkunst, besonders mit der modernsten musikalischen Bewegung in Europa und den neuen Bühnenideen unserer Zeit". Den Arnold Schönberg z.B. huet nierft Texter a Biller och d'Kompositioun Herzgewächse zu dëser Schrëft bäigedroen. Iwwert eng zimlech grouss Spaanwäit huet déi variabel Ophiewung vun der Wierklechkeet am Bloe Reider verfügt. Sou haten nierft der metaphysescher Déieresymbolik vum Franz Marc, de Faarwphantasie vum Mackes, der mäerchenhafter Zauberwelt vum Klee och dem Kandinsky seng mathematesch-musekalesch Abstraktioune Plaz am Bloe Reider.
Déi éischt vun den zwou Ausstellunge vum Bloe Reider huet vum 18. Dezember 1911 bis zum 1. Januar 1912 an der Moderner Galiere Thannhauser zu Münche stattfonnt. Si huet 49 Wierker vum Henri Rousseau, Albert Bloch, Heinrich Campendonk, Robert Delaunay, Kandinsky, Henri Matisse, Macke, Münter a. a. gewisen. Si goung och op Tournée a weider Stied, ënner anerem op Köln a Berlin.
Déi zweet Ausstellung huet vum 12. Februar bis 18. Mäerz 1912 an der Münchner Bicher- a Konschthandlung Hans Goltz stattfonnt. 315 Aquarellen, Zeechnungen an Drockgrafike vu méi wéi 30 Kënschtler goufen an dëser Ausstellung virgestallt.
Kënschtlergrupp | Geschicht vu München | Expressionismus
Der Blaue Reiter | Der Blaue Reiter | Der Blaue Reiter | Der Blaue Reiter | Der Blaue Reiter | Le Cavalier bleu | הפרש הכחול | Der Blaue Reiter | Der Blaue Reiter | 青騎士 | Der Blaue Reiter | Der Blaue Reiter | Der Blaue Reiter | Der Blaue Reiter
This article is licensed under the GNU Free Documentation License.
It uses material from the
"Bloe Reider".
Home Page • arts • business • computers • games • health • hospitals • home • kids & teens • news • physicians • recreation• reference • regional • science • shopping • society • sports • world