article

D'Beringstross ass, wéi den Äermelkanal, eng schmuel Mieresstross, eng Mierengten, déi de US-Bundesstaat Alaska vum ëstlechen Deel vu Russland trennt. Si gouf nom Vitus Bering, engem däneschen Entdecker, deen d'Beringstross 1728 duerchfuer huet, genannt. Duerch d'Beringstrooss verleeft déi global Datumsgrenz. Zäitweis nëmmen, wann de Thermometer ënner -70 Grad Celsius fällt, ass se zougefruer.

D'Beringstross ass op der schmuelste Streck 85-100 km breet a duerschnëttlech 30-50 m déif. Dës Wasserstrooss gouf et net ëmmer. Virun 10.000 Joer, um Enn vu der leschter Äiszäit, war dat nach eng Landbréck, iwwer déi e konnt drechene Fouss vun engem Kontinent op den anere goen. Dat kënnt d'Theorië bestätegen, wouno déi éischt Awunner vun Amerika um Landwee dohi komm sinn.

USA Russland | Mierengten

Beringstraat | مضيق بايرنغ | Берингов проток | Estret de Bering | Beringův průliv | Beringstrædet | Beringstraße | Beringi väin | Bering Strait | Estrecho de Bering | Beringa Markolo | Détroit de Béring | Estreito de Bering | 베링 해협 | Selat Bering | Beringssund | Stretto di Bering | מצר ברינג | Beringo sąsiauris | Bering-szoros | Beringstraat | ベーリング海峡 | Beringstredet | Beringsundet | Cieśnina Beringa | Estreito de Bering | Берингов пролив | Beringov prieliv | Beringinsalmi | Berings sund | Eo biển Bering | Беринґова протока | 白令海峡

 

This article is licensed under the GNU Free Documentation License. It uses material from the "Beringstrooss".

Home Pageartsbusinesscomputersgameshealthhospitalshomekids & teensnewsphysiciansrecreationreferenceregionalscienceshoppingsocietysportsworld