article

Anäis (bot. Pimpinella anisum) ass eng Gewierzplanz aus der Famill vun den Doldebléier (Apiaceae). D'Originne vum Anäis sinn an Egypten.

Den Numm


Den Numm geet op dat griichescht Wuert ανηθον fir Dëll zréck, mat deem den Anäis verwiesselt gouf.
  • fr: anis, anis vert, anis officinal, anis musqué, anis cultivé, anis sucré, pimpinelle anisée, pimprenelle d'Égypte.
  • en: bot.:anise - Gewierz: aniseed (am: aniseseed, anis) - Anäislikör: anisette, anise liqueuer
  • de: der Anis
  • it: ànice - den Anäislikör: anisetta
  • es: anis

Kennzeechen


D'Anäis-Planz ass eejäreg a gëtt op ongeféier 30–50 cm héich. D'Grondblieder sinn an Häerzform am um Bord gezackt, d'Blieder um Still sinn zu dräi an dräi. Déi kleng wäiss Bléien wuesse meeschtens zu zwielefstäregen Dolden zesummen a bléie vum Juli bis an de September. D'Friichten, déi am August bis Oktober gepléckt ginn, sinn 3 Millimeter laang, mat groen Heeërcher iwwerwuess an hunn d'Form vun engem Ee.

Den Ubau


Anäis als Heelplanz


Uwendungsgebidder bei dréchenem Houscht, Bronchite a Blähungen.

Anäis an der Kichen


Quetschekraut

Äppelkompott

Anäis an der Bakstuff


Liefkuch

Anäis am Gedrénks


De griicheschen Ouzo oder den Tsipouro

Den tierkesche Raki

De libaneseschen oder ostindeschen Arrak

De franséische Pastis

De spueneschen Anis de Mono

Zitater


  • De Jacobus Theodorus Tabernaemontanus schreift 1625 a sengem Kraiderbuch:
    "Es wird der Aenissaamen heutiges Tages bey uns Teutschen / wie bey den Alten nicht allein in der Arztney / sondern auch in der Speiß gebrauchet. Unserer Weiber backen den ins Brodt / und machen das Zuckerbrodt Biscoct genannt / darmit /.....

Den Anäis an der Literatur


  • A sengen Italienesche Mäerercher ernimmt de Clemens Brentano den Anäis am Das Märchen von Komanditchen:
Prosit! von Pomranzenschalen
Voll verzuckertem Anis,
Nase, nimmer zu bezahlen,
Wenn dich ab aus Hast die Tochter
Der perfekten Köchin stieß.

Ohne daß ich dich verschließ
und dich allein mit Deinem lasse
wie einen Garten mit einer Masse
von Melissen und Stern-Anis.

Um Spaweck


Doldebléier | Gewierzplanzen | Heelplanzen

Anís | Bedrník anýz | Anis | Anise | Pimpinella anisum | Anizo | Anis vert | Anis | Anice | アニス | Ánizs | Anijs | Anis | Biedrzeniec anyż | Anis | Анис | Pimpinella | Janež | Anisruoho | Anis | Anason

 

This article is licensed under the GNU Free Documentation License. It uses material from the "Anäis".

Home Pageartsbusinesscomputersgameshealthhospitalshomekids & teensnewsphysiciansrecreationreferenceregionalscienceshoppingsocietysportsworld