article

Eng Abtei ass e chrëschtlecht Klouschter (also Gebailechkeete an dem d'Membere vun engem reliéisen Uerden liewen) dat vun engem Abt oder enger Äbtissin geleed gëtt. Nëmme epuer Uerden kënnen Abteien hunn: Benediktiner, Zisterzienser, Trapisten, Regularkanoniker (Prämonstratenser, Chanoines Augustins); bei all denen aneren Uerden (z. B. Franziskaner) schwätzt e just vu Klouschter. E Klouschter vun de genannten Uerden gëtt Abtei duerch d'Awëllegung vum Poopst, wa verschidde Konditiounen erfëllt sinn (der Regel vum Hl. Benedikt no mussen z. B. 13 Persounen do liewen).

Wat d'Architektur vun enger Abtei ugeet solle (falls méigelech) verschidde Oplage respektéiert ginn. Sou sollen déi wichtegst Raimlechkeete (d. h. d'Kierch, de Kapitelsall an de Refektoir) vum Kräizgang aus erreechbar sinn. Déi Plazen wéi Atelieren oder Ställ (um Schema "Wirtschaftsgebaier") wou eventuell méi Kaméidi ass solle ebessi méi wäit ewech sinn. D'Gebaier ronderem de Kräizgang (ausser der Kierch) hu méi Stäck, do sinn dann ë. a. d'Bibliothéik an d'Zelle (Zëmmere) vun de Bewunner.

Vill Kléischter (ouni Abtei ze sinn, kënnen ze ginn) follechen och dësem Bauschema.

Reliéis Gebaier

Abadia | Abbedi | Abtei | Abbey | Abadía | Abbaye | Abadía | Abbazia | Abdij | Abbaie | Opactwo | Abadia | Аббатство

 

This article is licensed under the GNU Free Documentation License. It uses material from the "Abtei".

Home Pageartsbusinesscomputersgameshealthhospitalshomekids & teensnewsphysiciansrecreationreferenceregionalscienceshoppingsocietysportsworld