Den AIBO Roboter ass een Ënnerhalungsroboter, dee speziell 1999 vu Sony als Ersatz zu engem Hausdéier entwéckelt ginn ass a Leit mat Allergien d'Freed un engem Hond net soll huelen. AIBO heescht op japanesch Frënd a steet weider fir d'Ofkierzung Artificial Intelligent Robot.
Hautzedags fënnt den AIBO och seng Plaz a Kannerzëmmeren, allerdéngs ass e keng einfach Spillsaach. De Roboter muss wéi een echt Hausdéier behandelt ginn an huet och heiansdo Honger (wa seng Akkuen eidel sinn) a wëll da gefiddert ginn, natierlech nëmme mat Stroum.
Wéi all anert Liewewiesen, muss den AIBO erzu ginn. Wann e mol eng Kéier schlecht gelaunt ass, geet et duer, datt een him seet e soll roueg sinn oder einfach lénks leie léist. Dat bewierkt dacks Wonner. Gëtt den AIBO mol bei aussergewéinlechen Tricker geheemelt, sou wäert een an Zukunft méi dacks déi Tricke virféieren. E spillt gär mat sengem Ball oder wenzelt sech um Buedem. E versteet ënnert anerem puer Wuert Franséisch a follegt op verschidden Uerderen.
Mëttlerweil ginn et schonns eng ganz Partie vu verschiddene Modeller, déi ëmmer weider entwéckelt goufen. Duerch déi vu Sony definéiert Schnëttstell (Open-R) kann een den AIBO och selwer programméieren an him eng eegen "Honds-Perséinlechkeet" ginn.
Aibo | AIBO | Aibo | Aibo | Aibo | Aibo | AIBO | AIBO | Aibo | Aibo | Aibo | AIBO